Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Tame And The Wild - Windstill

play_arrow Live
arrow_back_ios

Gewierzer aus aller Welt

100komma7.lu / Gewierzer aus aller Welt

/ Vanill, Vanille, Vanille

Vanill, Vanille, Vanille

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Vanill kënnt ursprünglech aus Mexiko an ass d’Fruucht vun enger Orchidee. En entwéckelt eréischt no laangen opwennege Prozesser hiren eenzegaartegen Aroma an ass doduerch no um Safran, deem deierste Gewierz vun der Welt. Ob an der Vanillsglace, dem Pudding oder der Bûche, Vanill ass d‘Liblingsgewierz vun de Kanner. De Vanill enthält bis zu 250 Aromakomponenten, déi dee méischichtegen intensive Geschmaach a seng Wierkung op eisen Organismus ausmaachen. Vill Erwuessener spieren, datt hir Stëmmung sech verbessert, wa si Vanill richen a schmaachen. Esou hu Studie gewisen, datt dëse villschichtegen Aroma meeschtens vill frou Kandheetserënnerungen ervirrifft.
D’Ernärungsberoderin Lis Muller mat weideren Erklärungen

Klengen Tipp:
Chrëschtschockelasmëllech: an d’Mëllech d’Muerch vun enger Vanillstaang krazen, opkachen an da mat guddem schwaarze Schockela an e bësschen Hunneg zoubereeden.

Referencen:
https://www.comptoir-des-epices.com
Aggarwal, B. B. (2023). Heilende Gewürze. Narayana Verlag
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. Stiftung Warentest
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT

mic_none

Presentéiert vum

Episoden