Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Gewierzer aus aller Welt

100komma7.lu / Gewierzer aus aller Welt

/ Kardamom, Kardamom, Cardamome

Kardamom, Kardamom, Cardamome

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Kardamom staamt ursprünglech aus Südindien a Sri Lanka. Am 9. Joerhonnert hunn d’Wikinger en an de skandinavesche Länner ageféiert, wou e bis haut beléift ass fir Brout, Gebäck an Desserten ze aromatiséieren.
An all Kapsel si 15-20 donkelbrong Somkären, déi ee ganz eegenen duussen Aroma enthalen. An der traditioneller Medezin ginn d’Somkäre besonnesch bei Moproblemer agesat ...
Dee schwaarze Kardamom kënnt aus dem Nepal. Et ass eng aner Zort Kardamom, dee méi e schaarfe gereecherten Aroma huet. Duerfir gëtt en éischter a gehäerzte Plate wéi dem vietnameesesche Rëndsbouillon Pho gebraucht. E bréngt eng interessant Aromanout a vegetaresch Platen, well en u gereecherte Speck erënnert.
Wéi bei all Gewierzer ass et besser Bioqualitéit ze wielen. Si enthale méi Aromastoffer, keng Pestiziden a komme gewéinlech aus dem Fairtrade-Handel.
D’Ernärungsberoderin Lis Muller huet gesicht, gericht a geschmaacht an huet e puer wäertvoll Rotschléi zesummegefaasst, wéi Wantergewierzer eist allgemengt Wuelbefanne verbesseren a wéi eng Geschmaachskombinatioune sech ubidden.

Klengen Tipp:
An den arabesche Länner gëtt als Zeeche vu Gaaschtfrëndschaft grénge Kardamom deem dacks battere Kaffi bäigesat, deen doduerch méi aromatesch a méi liicht verdaulech ass.

Referencen:
https://www.comptoir-des-epices.com
Aggarwal, B. B. (2023). Heilende Gewürze. Narayana Verlag
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. Stiftung Warentest
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel - 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT

mic_none

Presentéiert vum

Episoden