Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tom Misch, Poppy Ajudha - Disco Yes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Gewierzer aus aller Welt

100komma7.lu / Gewierzer aus aller Welt

/ Neelcheskapp, Gewürznelke, Clou de girofle

Neelcheskapp, Gewürznelke, Clou de girofle

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Neelcheskapp kënnt ursprünglech vun de Molukkeninselen, déi eenzeg Plaz, wou e joerhonnertelaang ugebaut gouf.
D’Knosp vun der Planz huet d’Form vun engem Nol, dohier säin Numm. En ass konzentréiert un Eugenol, säin Aroma erënnert un Eukalyptus , Peffer an e schmaacht brennend schaarf. Den Neelcheskapp reegt d‘Verdauung un a wierkt géint Blähungen a Völlegefill.
Bei akutem Zännwéi hëlleft et en Neelcheskapp ze knaen, en ass eng éischt Hëllef duerch seng antiseptesch a lokal déidend Wierkung.
A klenger Dosis passt e gutt zu Choucroute, roudem a wäissem Kabes, agemaachten Hierken a Fierkelshämmchen.
Neelcheskäpp ginn och mat anere Gewierzer, déi wierme gebraucht a mat deene se sech harmonesch komplettéieren: mam franséische quatre épices, dem indesche Garam Masala an der englescher Worcestersauce.
D’Ernärungsberoderin Lis Muller huet gesicht, gericht a geschmaacht an huet e puer wäertvoll Rotschléi zesummegefaasst, wéi Wantergewierzer eist allgemengt Wuelbefanne verbesseren, a wéi eng Geschmaachskombinatiounen sech ubidden.

Klengen Tipp:
Masala Chai: Waasser mat Kardamom, Ingwer, Kanéil an engem Neelcheskapp opkachen, schwaarz Téiblieder dran zéie loossen, duerno Mëllech e bësschen Zocker derbäi maachen, ofsiften a genéissen.

Referenzen:
https://www.comptoir-des-epices.com
Aggarwal, B. B. (2023). Heilende Gewürze. Narayana Verlag
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. Stiftung Warentest
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel - 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT

mic_none

Presentéiert vum

Episoden