De 5. Juli an der Kölner Philharmonie huet de Mike Holober d'WDR Big Band fir ee spezielle Concert geleet. Invité war nämlech keen anere wéi de Chris Potter, Tenor-Sax-Gigant, dee selwer vill Kompositiounen zum Set bäigedroen huet. Häerzstéck vum Programm war awer d'Random Moves Suite, déi den Holober dem Chris Potter op Mooss geschneidert huet. Dës Weltpremière, déi eng gutt hallef Stonn dauert, esou wéi en diversifiéierten a perfekt emgesatene Set, deelen de Pit Dahm a Pol Belardi mat den Nolauschterer an Nolauschterinnen.
Setlist:
WDR Big Band feat. Chris Potter - The Source WDR Big Band feat. Chris Potter - Invisible Man WDR Big Band feat. Chris Potter - What You Wish WDR Big Band feat. Chris Potter - Heart at Hand WDR Big Band feat. Chris Potter - The Visitor WDR Big Band feat. Chris Potter - Random Moves Suite (Mike Holober)