Mat grad emol 23 Joer huet de lëtzebuergesche Batteur, Komponist an Arrangeur Mathieu Clement scho säin drëtten Album als Leader erausbruecht. “Ruma“ heescht den Nofollger vum 2023er Opus “Coming Home“.
Eng aner Stëmm aus der Jazzwelt: Mat “Atlantis“ presentéiert déi franséisch Batteuse, Komponistin a Sängerin Anne Paceo hiert bis elo perséinlechst Wierk. Eng intensiv Taucherfarung a Portugal huet hir Perceptioun vu Klang a Bewosstsinn nei gepräägt. D’Bild vun der mystescher, ënnergaangener Insel Atlantis an d’Symbolik vum Ozean - als Raum vu Verlaangeren, Rou a Fräiheet - hunn hir nei musikalesch Impulser entscheedend beaflosst.