De Lëtzebuerger Jazz-Quartett Jambal huet sech mam Kenai Shogun - dem neien Alias vum Rapper Pirraia, fréier Culture the Kid - zesummegedoen.
D’Plack "Men of Average Nature“ ass d’Resultat vun hirer laangjäreger Frëndschaft a Jore vu gemeinsamer Bün- a Studioerfarung. De Vibrafonist Arthur Clees, ee vun de Grënnungsmemberen, ass beim Jeff Herr am Interview fir de Projet virzestellen.