Nodeems d’Naïssam Jalal 2023 mat hirem Album “Healing Rituals“ international op sech opmierksam gemaach huet - ënner anerem duerch hiren elegante Lyrismus - presentéiert déi franséisch-syresch Flüttistin a Komponistin mat “Souffles“ en neien Opus a stäerkt domat hir ëmmer méi grouss Bedeitung an der europäescher Jazzwelt.
"Ghost Horizons" ass e musikalesche Manifest vun engem vun de leschten echte Pionéier vum kosmesche Jazz: Dem Marshall Allen, aktuell 101 Joer al a bis haut kreative Kapp vum legendäre Sun Ra Arkestra.
Den Album “Ellington at Newport“ gouf de 7. Juli 1956 beim Newport Jazz Festival opgeholl a gëllt als ee vun de wichtegste Momenter an der Jazzgeschicht. Den Duke Ellington, deem seng Karriär an de fréie 50er Jore wéinst dem Opkomme vum Bebop e bëssen an den Hannergronn geréckelt war, konnt sech mat dësem Optrëtt spektakulär zeréck op d'Jazzlandkaart setzen.