arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Kabes

Lauschteren play_arrow
headphones

7 min

Haut geet et ëm Kabes. An do stécht méi dran ewéi Vitaminnen: Mir fanne raus, firwat am Kabes e Kapp stécht, wat Kohl mat de Réimer ze dinn huet a firwat Lëtzebuerger Kabes schwätzen, wärend Fransousen Zaloten erzielen.



S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg, Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?

C: Ma, ech hunn op Social Media eng Annonce vum Landwirtschaftsministère gesinn iwwer Geméiszorten, déi grad Saison hunn. An do sinn ech beim Kabes hänke bliwwen. Net just well ech elo hei Ernärungstipps wëll ginn, mee well Geméis heiansdo immens flott Wuertgeschichten huet. An dofir ass eist WiWi-Wuert haut: Kabes.

S: Also gëtt WiWi elo zum Feel-good-Ernärungspodcast?

C: Jo, fir ongeféier siechzeng Sekonnen! Mee Kabes ass effektiv en typescht Hierscht- a Wantergeméis. Mee vill méi spannend fannen ech, datt Kabes an den däitsche Kohl zwou verschidde sproochlech Geschichten erzielen. Mee si hunn eppes gemeinsam: Béid kommen aus dem Latäin! Fänke mer mam däitsche Kohl un: Am Alhéichdäitschen ass am 8. Joerhonnert d'Form "kōl" beluecht.

S: Dat huet sech also an 1200 Joer guer net verännert.

C: Erstaunlech, gell! Do gouf et da mat der Zäit a jee no Regioun verschidde Formen, also am Mëttelhéichdäitsche fanne mer "kōl" an "kœl(e)". Aner germanesch Sproochen haten änlech Formen: al­sächsesch kōli, mëttelhollännesch cōle a cool, an am Alengleschen cāwel a cāul.

S: A jo, wéi haut am Englesche bei "kale"!

C: Genee. An all déi Forme ginn op laténgesch caulis zeréck, mat Variante wéi spéitlaténgesch caulus a Vulgärlatäin cōlis oder cōlus. Dat laténgescht Wuert huet „Still, Stronk“ an och scho „Kabes“ bedeit. D'germanesch Sproochen hunn hei, wéi bei enger Rei anere Geméiszorten, einfach d'Bezeechnung vun de Réimer iwwerholl.

An dee selwechte Stamm lieft net just am Germanesche weider, mee och am italieenesche cavolo „Kabes“. A vun do aus komme mer bei e Wuert, dat mer och zu Lëtzebuerg kennen: Kolrabi, oder och Kolraf. D'Bezeechnung geet zeréck op italieenesch cavolo rapa. Dat ass am Fong Kabes + Rübe/Ribb: Den Deel rāpa ass eng „Rübe“, eng Ribb.

S: A wat ass elo mam Kabes?

C: An do kënnt déi zweet laténgesch Geschicht. Déi fannen ech bal nach méi flott, well, pass op, ech mengen, dass een se am rheinesche "Kappes" nach héiere kann.

S: Kappes … wéinst Kapp?

C: Genee. D'Dialektform Kappes, also de wäisse Kabes, kënnt iwwer mëttellaténgesch caputium, „Kabeskapp“, vu laténgesch caput, also „Kapp“ oder "das Haupt". Historesch fanne mer am Alhéichdäitschen am 11. Joerhonnert d'Form kabuʒ, am Mëttelhéichdäitschen kabeʒ. Dat kléngt scho bal wéi "Kabes"! D'Geméis ass also duerch seng Kappform bestëmmt.

S: An aus dem Kabeskapp gëtt de Kabes?

C: Genee dat ass d'Iddi hannert caputium, dat „Kohlkopf“ bedeit. An haut ass Kappes nach besonnesch a westmëtteldäitsche Géigende verbreet, mat Variante wéi Kappes, Kabbes a Kabes. Do gesäit ee gutt, datt eis Landesgrenz keng Sproochgrenz ass. Wa mer Kabes soen, si mer en Deel vun engem méi grousse westlechen Dialektraum, dee bis a Westfalen eropgeet!

S: Mee ech waarden elo schonn déi ganzen Zäit drop, datt mer endlech Kabes schwätzen.

C: Ech wousst, datt dat kënnt!

S: Ech wollt dech just net beim Geméis ënnerbriechen.

C: Ma dann dierfs de elo. Well Kabes ass bei eis jo net nëmmen eppes, wat een ësst. Wann ee seet „Schwätz kee Kabes!“, da get et net ëm Gespréicher iwwer Geméis. Da bedeit Kabes einfach Quatsch oder Blödsinn. An dat hu mer erëm net just zu Lëtzebuerg: Och an de Kappes-Dialektgebidder fanne mer Ausdréck wéi Kappes schwätzen oder Kappes machen.

S: Also Schwätz kee Kabes! ass da manner exklusiv, wéi mer mengen.

C: Genau. An ech fannen et ëmmer flott, wann een eng vermeintlech typesch lëtzebuergesch Riedensaart hëlt an op eemol gesäit: Op där anerer Säit vun der Musel, gëtt et se och! An dann hunn ech nach e bësse weider gekuckt, wat aner Sprooche benotze fir "Blödsinn schwätzen". Op Däitsch kann ee Müll reden. Am Engleschen hu mer rubbish oder, méi graff, bullshit. An am Franséischen ass mäi Liblingsbeispill raconter des salades.

S: Also „Zaloten erzielen“. Dat hunn ech souguer kannt!

C: Also ech fannen dat herrlech: Mir schwätze Kabes, am Franséische kann een Zaloten erzielen. An op eemol ass de Geméisrayon eng grouss Metapher fir Dommheeten! A lo dee gréisste Fun fact aus menger Kabes-Recherche, bei där ech italieenesch Ënnerstëtzung vu menger léiwer Kolleegin Emilia krut: Mir haten d'Italieenescht cavolo jo virdru scho beim Kohl. A sproochlech gëtt et do dee schéinen Ausdrock: non dire cavolate.

Ech huelen dat emol auserneen: cavolo, „Kabes“, dann hu mer cavolata, wat ongeféier „Blödsinn" a wiertlech eppes wéi "Gekabes" bedeit, an de Pluriel ass cavolate. Non dire cavolate! Also à la: „Schwätz kee Gekabes!“. An do ass en nees, de Kabes! E coole Lien tëscht dem Italieeneschen an dem Lëtz., deen ech net kannt hunn!

S: Dat sollt een aféieren: Gekabes!

C: An de Message vun haut ass: mer solle Kabes iessen, awer kee Kabes schwätzen!

S: Wierklech spannend, merci, Caroline! Mir freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kabes

Haut geet et ëm Kabes. An do stécht méi dran ewéi Vitaminnen.
headphones

7 min

play_arrow

honnert

Dës Kéier gi mer dräistelleg! Mir feieren 100 Episode WiWi, awer net mat engem Best-of, mee mer ginn der Zuel 100 op de Grond.
headphones

6 min

play_arrow

Instrospektioun

Dës Kéier geet et ëm d'Analys vun sech selwer, afirwat mer mat introspektiven Donnéeën eleng dacks keng Wëssenschaft kënnemaachen.
headphones

6 min

play_arrow

fuschnei

Déi Episod hei ass nei – fuschnei! Haut kucke mer, wat eigentlech 'fusch' bedeit a wéi eng lautlech Prozesser bei dësem Wuertdeel wichteg sinn.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbüfdeck

Dës Kéier geet et ëm de Büfdeck a firwat verschidde Wuertdeeler hir Bedeitung verléieren. Donieft geet et och ëm Päerdsfleesch a schlecht Witzer.
headphones

6 min

play_arrow

Proximitéit

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi keen direkte Pendant am Lëtzebuergeschen hunn a firwat dat guer net esou schlëmm ass.

vu que datt

Dës Kéier geet et ëm eng Niewesazaleedung, déi mir aus dem Franséische geléint an hallef integréiert hunn: vu que / vu datt.
headphones

5 min

play_arrow

Bauerefra

Dës Kéier geet et ëm Fraen, déi an der Landwirtschaft schaffen a Begrëffer, déi méi oder manner kloer sinn.
headphones

6 min

play_arrow

Dialekt

Dës Kéier geet et ëm d'Fro: Ass Lëtzebuergesch eng Sprooch oder en Dialekt?
headphones

7 min

play_arrow

Pony

Dës Kéier geet et ëm Päerd, Hënn a Coiffuren!
headphones

6 min

play_arrow

kussen

Dës Kéier geet et ëm Romantik, Spaut a gutt Bakteerien.
headphones

6 min

play_arrow

grunscheg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi een net dacks héiert, déi awer ganz praktesch am Alldag sinn! Donieft geet et och ëm partizipativ Wëssenschaft.
headphones

5 min

play_arrow

Quantitéitsreegel

Dës Kéier geet et ëm déi zentral Reegel vun der aktueller Lëtzebuerger Orthografie. Donieft léiere mer och eppes iwwer d'Geschicht vun der Schreifweis.
headphones

6 min

play_arrow

orange

Dës Kéier geet et ëm séiss a batter Orangen a firwat d'Portugisen dofir bis a China gefuer sinn. Donieft geet et och ëm nasal Lauter.
headphones

6 min

play_arrow

mof

Dës Kéier geet et ëm eng ganz schéi Faarf: mof. Mir schwätzen iwwer d'Orthografie, franséisch Wierder a Blummen.
headphones

6 min

play_arrow

Outfit

Dës Kéier geet et ëm Outifts an d'Fro, ob mir e schéinen oder e schéint Outfit kënnen hunn. Donieft schwätze mir och iwwer d'Académie française.
headphones

7 min

play_arrow

bosseg

Dës Kéier geet et ëm bosseg Geschichten iwwer bosseg Wierder. Mee wien ass hei de "boss"?
headphones

6 min

play_arrow

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow