Dës Kéier gi mer dräistelleg! Mir feieren 100 Episode WiWi, awer net mat engem Best-of, mee mer ginn der Zuel 100 op de Grond.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?
C: Mir feieren haut e Jubiläum!
S: A jo, du hues dat ëmmer besser am Bléck wéi ech. A, hu mer lo 100 Episode geknackt?
C: Jo, du hues mech grad fir déi 100. Kéier bei Wiwi begréisst.
S: Wow, wéi schéin! An hues de e speziellt Wuert fir haut? Oder e Best-of?
C: Ech sinn net wäit siche gaangen, mäi Wuert vun haut ass Honnert – e 4000 Joer aalt Wuert.
S: Krass!
C: Jo, bei Zuelwierder gi mer wäit zréck. Do lande mer da bei der indoeuropäescher Form ḱm̥tóm, aus där och dat laténgescht centum, dat griichescht hekatón an d'Sanskrit-Wuert śatam entstane sinn. Dat heescht: honnert, cent a hundred si souzesoe Famill.
S: Honnert an hundred gesinn ech och no beieneen.
C: Jo, komm mer bleiwe mol op der germanescher Säit: Am Urgermaneschen hu mer déi rekonstruéiert Form *hundą. Méi spéit ass dorunner en zousätzlecht Element *-radą komm, soudatt d'Form *hundaradą entstanen ass. Aus där Form hu sech d'lëtzebuergescht honnert, dat däitscht hundert an dat englescht hundred entwéckelt.
S: A wat bedeit dat zousätzlecht Element?
C: Mir wësse bis haut net genee, wat dëst *-radą eigentlech bedeit huet. Linguisten hu verschidde Vermutungen, zum Beispill datt et eng Aart „Zieleenheet“ oder „Grupp“ bezeechent huet, mee et gëtt keng definitiv Erklärung. Op enger anerer Plaz hat ech gelies, dass dat zweet Element, wat mer haut nach um leschten "d" erkennen am Goteschen existéiert huet als raþjō ‘Abrechnung, Zahl’.
D'Zuelwuert ass also just 'hunt' an dat gouf et bis an d'9. Jhd am Alhéichdäitschen, do gouf et och 'einhunt, zweihunt' an och Alenglesch fanne mer 'hund' an dono: 'hundred' am Engleschen oder 'hundert' am Däitschen, honderd am Hollänneschen. An eeben 'honnert' am Lëtzebuergeschen.
S: Mee firwat ass beim Lëtzebuergesche keen 'd' méi an der Mëtt wéi bei deenen anere Sproochen?
C: Den Duebel-n oder eeben d'Ewechfale vum 'd' ass eppes, wat mer a ville Wierder gesinn am Lëtzebuergeschen.
S: Hues de do e puer Beispiller?
C: Honnert pro hunn ech der! Kuck am Däitschen ass es "Stunde", am LB Stonn (oder eebn Stunden, Stonnen). Oder DE Wunde a LB Wonn. An et gëtt souguer eng Rëtsch Wierder, wou mer am LB am Singulier den 'd' hunn an am Pluriel net. Kuck emol d'Einzal: Bild, Hond, Frënd – an deen 'd' fält am Pluriel einfach ewech: Biller, Hënn, Frënn.
Oder och bei Kand > Kanner. Deen 'd' fält also oft ewech, dofir wonnert et och net, dass mer bei 'honnert' just duebel-N hunn, wann et am Däitschen awer 'hundert' ass.
S: Dass do en 'd' ewechfält, ass mer nach ni opgefall, mee effektiv hues de lo vill Beispiller genannt, wéi Kand a Kanner ouni 'd'. Intressant!
C: Jo, dat ass dat flott, wann ee bis ufänkt op den Detail ze kucken, dat ass e bësse meng Iddi fir Loscht op lëtzebuergesch Linguistik ze maachen. Du hues och Sprooche wéi Dänesch, fir nach eng weider germanesch Sprooch ze nennen, wou mer zwar en 'd' schreiwen, mee net schwätzen.
S: A sou?
C: Jo, do muss ech awer och soen, dass Dänesch notoresch dofir bekannt ass, dass d'Schrëftbild an d'Lautbild ganz oft net iwwereneestëmmen. Also dass ee Saache ganz anescht schreift, wéi een se liest. An do ass d'Zuelwuert 100 e gutt Beispill.
Et schreift een op Dänesch: (ech liesen dat elo mol Laut fir Laut an net, wéi et am Däneschen ass) hundrede. Et gëtt och eng Variant ouni -e hannen, déi gesäit dann aus wéi Englesch 'hundred'. Mee ausgeschwat gëtt et ongeféier [ˈhunʌðə] oder nach méi verkierzt [ˈhunʌð] - do héiers am Fong kee vun deenen zwee D-en. Am Schweedeschen ass et dann nees méi straight: hundra [ˈhɵndra] – dofir ass hei den 'd' um Enn ausgefall.
Du gesäis, am germanesche Verglach kënne sech d'Formen extreem gläichen an dann am Detail variiéieren. An dobäi hu mer mol nach net op däitsch Dialekter gekuckt!
S: Ma mir sinn och schonn um Enn fir haut!
C: Jo, da loosse mer dat. Da soen ech elo fir d'100. Kéier Äddi.
S: Jo, mee als éischt soe mir dir merci fir haut, Caroline, an da soen ech mol sou: Mir freeën eis op weider 100 Episode mat dir, mat 100 neie Wierder, déi s de fir WiWi matbréngs!
C: Wann Der mech loosst, da bréngen ech nach weider Wierder mat. Ouni Witz, meng WiWi-Brainstorminglëscht ass scho bei 228 insgesamt, also do geet nach! An natierlech merci un all eis trei Nolauschterer an Nolauschterinnen a wéi ëmmer kënnt Der och Wierder eraschécken, op wiwi@100komma7.lu
An mäi Schlusswuert ass wéi ëmmer: Äddi!