arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

100komma7.lu / E puer Wierder iwwer Wierder

/ Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Lauschteren play_arrow
headphones

7 min

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Du hues eis nees eng Fro matbruecht, déi dech per Mail erreecht huet.

C: Genee! Ech krut erëm eng Kéier eng Noriicht vun enger Nolauschterin, an zwar wollt déi wëssen, ass et eigentlech "menger Schwëster hir Duechter" oder "menger Schwëster seng Duechter"?

S: … hir Duechter, oder net?

C: Dat ass déi eng Léisung, jo. A well et hei sou vill Beschreiwungs- an Erklärungsniveaue gëtt, iwwer déi ech alleguer kéint stonnelaang schwätzen, musst der entweeder e Luxemburgistikstudium ufänken op der Uni.lu a bei mech an de Cours kommen oder dir lauschtert haut Deel 1 vun der Episod an déi Woch drop Deel 2.

S: Du hues jo nees vill wëlles! Komm mer schéisse lass!

C: Et ass esou, bei "menger Schwëster hir Duechter" wëll ech eemol de Bezuch op den Hatt-si-Phenomeen erklären. Wéini soen ech fir weiblech Persounen hatt, wéini soen ech si? … a wéini vermëscht sech dat? An hei ass nämlech ee vun deene rare Fäll, wou et sech vermëscht. Ech wëll domat soen, dass Forme wéi "menger Schwëster seng Duechter" och am Gebrauch sinn. Ech benotze lo ganz bewosst net richteg a falsch.

Kucke mer eis emol eng Kéier fir d' éischt den Hatt-si-Phenomeen un a Bezuch op eist Beispillwuert Schwëster. Schwëster ass vun der Wuertaart hier...

S: ... e Substantiv.

C: Genee, an et ass Femininum, well ech soen jo eng Schwëster, déi Schwëster. An do mierken ech, et ass am Femininum an et referéiert op eng Fra. Bei Duechter sinn ech och am Femininum. A wann ech just Feminina hunn, da misst et 'hir Duechter' sinn. Gell?

S: Jo, a wéi kënnt een dozou ze soen, "menger Schwëster seng Duechter"?

C: Kucke mer eis dat emol eng Kéier un, wéi den 'seng', den Neutrum, do erakënnt. Ech kéint eppes soe wéi, huele mer un, meng Schwëster heescht Catherine. Da kéint ech soen, dem Catherine seng Duechter. Ok? Dat fonctionnéiert wonnerbar, well do sinn ech déi ganzen Zäit beim Neutrum: Cathrine > hatt > seng Duechter. An hei ass genee dat, wat sech iwwerschneit. An zwar hu mer zwar bei 'Schwëster' eppes, wat grammatikalesch am Femininum ass, mee well mer esou eng Konstruktioun hunn, déi sech op eppes bezitt, wat och zum Deel am Kapp als Persoun ofgespäichert ass, nämlech de Virnumm vun där Persoun, kënnt et ganz oft vir, dass een dann de Virnumm hëlt, fir dat grammatesch ze verbannen. An da lande mer scho beim Neutrum. Dobäi kënnt nach, dass bei der Schwëster keng grouss Altersdistanz ass. Et huet ee jo d'Tendenz, dass eng héich Altersdifferenz no uewe bei de 'si' tendéiert. Dofir och hei eng oppen Dier fir Neutrum.

S: Menger Schwëster seng Duechter – huet also mam Virnumm ze dinn?

C: Jo, a mat der sozialer Dynamik, déi dorauser resultéiert. Do gëtt et beispillsweis och Leit, déi vun hirer Cheffin schwätzen. An engem Betrib mat jonker Cheffin a mat flaachen Hierarchien, do ass et net ongewéinlech, dass d'Leit dann an den 'hatt', also an den Neutrum rutschen, wa se vun där Persoun erzielen. An da falen och Sätz wéi: säi Mann war och mat iessen. Obwuel Cheffin e feminiint Substantiv ass, hu mer am Kapp eng Neutrum-Form, déi sech souzesoen iwwer de Virnumm plus déi sozial Facteure festsetzt.

S: Et kléngt awer e bësse komesch.

C: Jo, wat sécher dorunner läit, dass déi Persoun fir eis an där fiktiver Erzielung komplett onbekannt ass. A mir dat dofir mat kengem Virnumm fest ofgespäichert hunn. Häss de elo eng Cheffin, déi Myriam heescht, da wier dat de Lien an du hues d'Cheffin net als Cheffin ofgespäichert an dengem mentale Modell, mee als Myriam (Neutrum). Dass herno 'Cheffin' gesot gëtt, ass am Fong just, fir mengem Vis-à-vis ze soen, wien d'Myriam ass. Mee d'Referenz am Kapp ass dacks vum Virnumm gepräägt.

An et gëtt och Leit, wa se vun hirer eegener Fra schwätzen (déi se natierlech och mam Virnumm uschwätzen), dass do dann deen Neutrum mat erarëtscht. Obwuel déi ganz déi Cheffin, déi Fra, déi Schwëster, obwuel déi alleguer ganz kloer Feminina sinn, hu mer do Elementer vu Persounen, déi sech iergendwéi grammatesch mat dem Virnumm verbannen. An dat fanne mer ëmmer dann, wann de Referent, elo gëtt et e bësse méi technesch, wann de Referent (=déi weiblech Persoun) a mäi Pronomen am Saz méi wäit ewech sinn. Wat mäi Pronome méi wäit ewech ass, wat ech et éischter iwwer mäi mentale Späicher ofgläichen (de Virnumm) an net iwwer de Femininum vum Referenzwuert.

S: Kanns de dat mam Schwësterbeispill erklären?

C: Jo, gär. Ech hunn eng Schwëster Catherine. A fir mech ass déi Persoun mam Numm Catherine verbonnen. An dat wier ëmmer 'hatt'. Lo erzielen ech dir vun där Persoun an ech soen am Ufank awer, fir dech opzeklären, wien dat iwwerhaapt ass, "meng Schwëster". Wat awer dono geschitt, ass, dass ech onbewosst op den "hatt" zréckfalen, well "Catherine" a mengem Kapp méi staark ass. Fir all Persoun, déi dat vu baussen héiert, ass dat net sou evident nozevollzéien, well dee Lien mam Virnumm net sou grouss ass.

Awer passt emol op, wéi vill Leit, wa se vun hiren eegene Familljememberen oder Partner schwätzen, genee déi Konstruktioun wielen: menger Schwëster säi Frënd.

Wéi gesot, an engem ganz neutrale Grammaires-Exercice hätt ech lo och "menger Schwëster hire Frënd" geschriwwen. Do spillt déi perséinlech Relatioun an de Virnumm jo och keng Roll.

S: A wat sees de lo genee op d'Fro vun der Nolauschterin?

C: Menger Schwëster hir Duechter – dat wier déi gewinnte Form: Wann ech dat eebe just op der Texteebene maachen oder wann ech déi Persounen vläicht net kennen, da bleift mer just de Femininum iwwereg. Awer geet et ëm eng perséinlech, reell Erzielung, da si Konstruktioune wéi "menger Schwëster seng Duechter" net ongewéinlech, well se ginn nom Muster "dem Cathrine seng Duechter" gebilt.

Mee ech fannen dat sou interessant, wa Leit dat maachen, well dat weist eis, dass mer an deem Komplex vum Hatt a vum Si do immens komplex Mechanismen hunn, déi am Kapp iergendwéi oflafen.

S: A wéi maache mer am zweeten Deel da weider?

C: An an der nächster Episod, also am zweeten Deel, do wëll ech am Fong gären erklären, wéi déi Konstruktiounen à la menger Mamm hiren Auto, mengem Hond säi Bett iwwerhaapt zustane kommen.

S: Da bleiwe mer gespaant op den zweeten Deel a soen der merci fir haut!

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow

Äerdbier

Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
headphones

6 min

play_arrow

Fixfeier

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
headphones

5 min

play_arrow

déi

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
headphones

6 min

play_arrow

Geeschter-"r"

Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbier

Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.
headphones

6 min

play_arrow

Neelcheskapp

Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder.
headphones

7 min

play_arrow