Haupi / Häipi 23.02.2026 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
verspellegt 16.02.2026 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
jauschtereg 09.02.2026 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
Fuemeschnéck 02.02.2026 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
rëffeg 26.01.2026 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
Menger Schwëster hir Duechter 2/2 19.01.2026 - 16h40 Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
Menger Schwëster hir Duechter - 1/2 12.01.2026 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
Mupp 05.01.2026 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
Neijoerschdag 29.12.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
Haupeschbléiser 22.12.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
Hittchen 2/2 15.12.2025 - 16h40 Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
Hittchen 1/2 08.12.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
muusseg 01.12.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
Hammbier 24.11.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
Äerdbier 17.11.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
Fixfeier 10.11.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
déi 03.11.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
Geeschter-"r" 27.10.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
Päerdsbier 20.10.2025 - 16h40 Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.