arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Schantjen

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

An dëser Episod geet et ëm de Schantjen an d’Chrëschtkëndchen a firwat dat eent souzesoen eng falsch Verklengerungsform ass. Donieft schwätze mir och iwwer Orthografie an de Pluriel. S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht? C: Haut dréit sech alles ëm de Schantjen. S: A wat ass dorunner sou speziell? C: Dass mer et hannen héieren, wéi wann et de -chen vun engem Diminutiv wier, et awer mat geschriwwe gëtt. S: Wat ass scho méi en Diminutiv? C: Dat ass eng Verklengerungsform wéi Apel > Äppelchen, Bam > Beemchen oder Kand > Këndchen. S: Bei Beemchen a Chrëschtkëndchen denken ech direkt u Chrëschtdag. C: Jo, et ass wouer, mat der Zäitëmstellung an der Keelt ass et scho bal Dezemberfeeling. Mee zréck bei d’Orthografie vu ‘Schantjen’. Obwuel ech hannen ‘chen’ héieren, schreiwen ech et: S c h a n t j e n. S: A firwat mat ‘j’? C: Dat ass eng allgemeng Reegel am Lëtzebuergeschen, dass mer Wierder, déi am Franséischen -ier oder -illet hunn, am Lëtzebuergesche mat ‘j’ geschriwwe ginn. S: Hues de do e puer Beispiller? C: Ma aus dem ‘billet’ gëtt de Billjee, B i l l j e e. Aus dem ‘pompier’ gëtt de Pompjee, P o m p j e e. Do ass am Lëtzebuergeschen ëmmer de ‘j’. S: A wann ech ‘Chantier’ soen an net ‘Schantjen’? C: Dann ass dat och iwwerhaapt kee Problem an du kanns et schreiwe wéi am Franséischen: C h a n t i e r. Et ass am Fong intressant, dass beim Wuert ‘Schantjen’ och sou eng Mëschform tëscht enger integréierter franséischer Form an engem Diminutiv ass. Well, wéi ech scho sot, kléngt et wéi de ‘chen’ beim Këndchen. An dass de ‘Schantjen’ awer iergendwéi als Diminutiv traitéiert gëtt, gesäit een och am Pluriel! Et ass ee Schantjen, zwee … S: … Schantercher. C: Richteg. A wann ech mer dee Pluriel do ukucken, dann ass et keen normale Pluriel, wou eng Endung -en oder -er bäikënnt, mee et ass en typeschen Dimininutivpluriel wéi bei Beemchen > Beemercher. Déi ercher-Form fënnt een am Fong just am Diminutiv. S: A wéi schreift een de Pluriel elo? C: S c h a n t e r c h e r. Hei da mat ‘ch’, well ech fir dee Pluriel kee franséischt Virbild méi hunn an hei éischter no deem ercher-Pluriel am Lëtzebuergesche kucken, dee mat ‘ch’ geschriwwer gëtt. Mee sou gesinn, kann een och einfach Chantier soen. Oder Baustell. Mer hu jo oft de Choix am Lëtzebuergeschen. S: Dat ass wouer. Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier! C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow

Äerdbier

Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
headphones

6 min

play_arrow

Fixfeier

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
headphones

5 min

play_arrow

déi

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
headphones

6 min

play_arrow

Geeschter-"r"

Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbier

Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.
headphones

6 min

play_arrow

Neelcheskapp

Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder.
headphones

7 min

play_arrow