Virun engem hallwe Joer war den Tom Delles, Direkter vum Lycée technique agricole, scho bei eis op der Antenn a huet iwwer Biodiversitéit beim Wëllplanzesom geschwat. Am Januar hate mir de Guy Reiland, Attaché vum Lycée, op Besuch, deen eis e Bléck hanner d’Kulisse vun der Recherche an der Wëssenschaft um LTA ginn huet.
Dës Kéier dréine mir d’Perspektiv e bëssen a kucken de Lycée emol als Ganzes vu baussen un, zesumme mam Romain Tobes, Direkter adjoint vum Lycée technique agricole.