De Lycée Technique Agricole genéisst hei am Land eng sougenannten Exklusivroll. Et ass deen eenzege Lycée, an deem een déi sougenannte gréng Beruffer léiere kann. Egal ob Bëschaarbechter, Ouvrier agricole respektiv horticole, Geméisgäertner, Zierplanzegäertner, Florist, Bamschoul- an Landschaftsgäertner, Péinièriste-paysagiste, traditionelle Bauer, Technicien agricole, Bësch- an Ëmwelttechniker, Gaardebau- a Geméisbautechniker, all dës gréng Beruffer si méiglech. Dobäi kommen nach de Mekatroniker an den Technicien bei de Land- a Baumaschinnen oder de Véhicules utilitaires an zanter Kuerzem och de Brevet de Technicien Supérieur (BTS) Conseiller Technique et Accompagnateur de Projets dans le Secteur Vert.
Den LTA ass zanter senger Grënnung 1883 niewent senger Haaptmissioun an der Éischtausbildung net nëmmen an der Weiderbildung aktiv, mee och a ville Rechercheprojeten een zouverlässege Partner an ëmmer prett fir d’Schoul a besonnesch och de grénge Secteur am Sënn vun der Nohaltegkeet virunzebréngen a seng Resilienz ze stäerken.
Fir déi villfälteg Produkter a Servicer am grénge Secteur ze stemmen, gëtt och vill Manpower gebraucht. Mam Aféiere vun engem BTS-Studium Conseiller Technique et Accompagnateur de Projets dans le Secteur Vert huet den LTA ee Lach tëschent der Beruffsausbildung an dem Héichschoulstudium mat Bachelorofschloss sënnvoll opgefëllt an domadder dem chronesche Mangel u Leit am grénge Secteur entgéint geschafft.