Et gëtt vill iwwert d’Biodiversitéitskris an der Natur geschwat an dat ass och, nieft der Klimakris, eent vun de ganz wichtegen Theme fir d'Zukunft.
Mee och bei de Notzplanzen hëlt d’Vilfalt säit op mannst 100 Joer ëmmer méi of. Eng hallef Dosen grouss Konzerner beherrschen de weltwäite Marché vum Saatgut. An d’Zuel vun den ugebauten Zorte pro Aart ass net ganz grouss.
Mee et gëtt Initiativen déi deem entgéintwierken a sech fir méi Diversitéit bei de Notzplanzen asetzen. An och den LTA schafft do mat, notamment am Beräich vum Geméis. Invité ass den Tom Delles Direkter am Lycée Technique Agricoole LTA.