Zil ass et déi nohalteg Energieversuergung bei de Gemengen an de Bierger:innen ze fërderen, andeems si Potentialer analyséiert am Beräich Solar, Wand an Hëtzt a konkreet nohalteg Energieprojeten ëmsetzt. Esou ass d’Regional Energie Cooperative entstanen, déi schonn eng Rei Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië finanzéiert huet. D‘Kooperativ betreit haut eng Rei Photovoltaik-Anlagen a plangt weider Anlagen, zum Beispill u Fassaden, mee si analyséiert awer och d’Méiglechkeet fir Wand- an Hëtzprojeten an der LEADER-Regioun Zentrum Westen. D’Sarah Mathieu, Gestionnairin am LEADER-Büro Zentrum Westen gëtt Explikatiounen.
www.leader.lu/projet/regional-energiekooperativ/
www.ecoop-west.lu