Mir schwätzen iwwer ee räiche Liewensraum, deen eis Flëss a Baachen op eng natierlecher Aart a Weis ëmgëtt. Laanscht eis Baachen a Flëss ass de Buedem an der Reegel fiicht an närstoffräich. Ginn dës Terrainen net oder just ganz extensiv vum Mënsch genotzt, stellt sech e Liewensraum an, dee vun héijen, krautege Planze gepräägt ass.
Op eis Mënsche wierken dës Beräicher dacks éischter chaotesch an “onuerdentlech”, warscheinlech och well se schwéier ze begoe sinn. Fir vill Déiere sinn dës Beräicher awer e wichtegen, jo esouguer iwwerliewenswichtege Liewensraum. Donieft stelle si awer och eng wichteg Schutzbarrière fir eis Gewässer duer. Si fänken Närstoffer an aner Stoffer aus den Terraine ronderëm d’Gewässer op an hënneren dës drun an d’Gewässer ze kommen. Esou schütze si och d’Gewässer an d’Liewewiesen doranner. Leider sinn dës Zonen awer seele ginn a mussen dowéinst geschützt a restauréiert ginn.
Den Naturpark Öewersauer schafft dofir mat sengem Gewässervertrag an Natura-2000-Comité dru fir Terrainen ze gewannen, fir dëse wichtege Liewensraum erëm hierzestellen. Explikatiounen huet de Patrick Thommes vum Naturpark Öewersauer.