Kabes kritt net ëmmer déi Opmierksamkeet, déi him eigentlech zousteet. En ass onkomplizéiert iwwer de ganze Wanter am Gaart ze zillen a kann direkt op den Teller verschafft ginn. Ganz gesond, besonnesch fir eisen Daarm, an eng helle Wull u Méiglechkeete fir Kabes an der Kichen zouzebereede mécht hien zu engem Superfood. Réi, gekacht, gebroden a gedëmpt kann een aus Kabes gutt Platen zauberen. Sauert Mous ass warscheinlech déi bekanntsten Aart a Weis fir Geméis zënter Joerhonnerten ze fermentéieren. Selwer gemaach gëtt et zu engem Wanterhighlight aus der eegener Kichen. Explikatioune vun der Dana Keup
Referenzen:
www.meinschönergarten.de
Gartenmagazin: Garten + Haus Nov/Dez 2024, kraut&rüben 11/2023