Vill Vullenaarte verbréngen déi kal Joreszäit net do, wou se am Fréijoer a Summer sinn. Grond duerfir ass de Mangel oder d‘Accessibilitéit vun hirer Narung. Déi bekanntsten Zuchvullen zu Lëtzebuerg sinn d’Krukerten, awer et ginn iwwer 100 Vullenaarten, déi bei eis just wärend hirer Duerchrees ze gesi sinn. Eng Partie dovunner kann ee bei Eventer vun natur&ëmwelt gesinn. Explikatioune mam Ornithologe Patrick Lorgé vun Natur&Ëmwelt.
Euro Birdwatch Weekend de 4. a 5. Oktober 2025.
4 Oktober | Schlammwiss / Uewersyren
5 Oktober | Weiler Weier / Wëntger
5 Oktober | Biodiversum, Rëmerschen
https://www.naturemweltasbl.lu/euro-birdwatch-weekend-2025