D'Natur als Virbild
E Gaart ass eng Plaz fir sech ze erhuelen, säi Geméis an Uebst unzebauen oder als Treffpunkt fir Kolleegen a Famill. Dobäi kann ee Gaart net nëmmen eng agreabel Plaz fir eis sinn, mee kann och ee Liewensraum fir eis Déieren duerstellen. Leider ass ee Gaart net ëmmer Synonym fir ee gëeegente Liewensraum fir si. Bëtong, Steng, kuerz geméite Wiss oder exotesch Planze sinn e puer Beispiller déi, wa se ze vill virkommen, aus dem Gaart kee Liewensraum méi maachen. Déi Diversitéit, an dat net nëmme wa mir vun Déieren a Planze schwätzen, mee och wat den Aspekt vun eisem Gaart ugeet.
Wat en naturnoe Gaart ausmécht a wéi ee mat klenge Schrëtt selwer säi Gaart naturno gestalte kann, erkläert den Adrien Flammang, Projetkoordinator bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL.