Déi biologesch Statioun SIAS mécht an deenen 21 Membergemenge vum Naturschutzsyndikat SIAS am Oste vum Land ganz verschidden Naturschutzprojeten op der Gewan, zesumme mat de Baueren, de Proprietären an de Gemengen. Aktuell steet den Inventar vun der Populatioun vum Steekauz op der Dagesuerdnung. Firwat grad dës Vullenaart?
De Steekauz ass e gutt Beispill fir eng sougenannten Zeigerart: do wou dës Aart nach virkënnt, seet se eis ganz vill iwwer d‘Qualitéit vun de Liewensraim op der Gewan aus, bzw. iwwer den Zoustand vun der Biodiversitéit.
Wou de Steekauz virkënnt, ass déi sougenannte Kulturlandschaft nach méi oder wéineger an der Rei a bitt esou dann dem Steekauz optimal Liewensbedingungen. Explikatioune mat der Doris Bauer vum Syndicat intercommunal SIAS