100komma7.lu / Biotop

/ D'Virstellung vun der Administration de la nature et des forêts ANF

D'Virstellung vun der Administration de la nature et des forêts ANF

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

9 min

D’Naturverwaltung ass zanterjee an der Sensibiliséierung engagéiert. Et geet drëms engem breede Publikum d'Wäertschätzung vun der Natur an e bewossten Ëmgang mat den natierleche Ressourcen ze vermëttelen. Nieft dem Wëssen ëm d’Zesummenhäng an de Beräicher Biodiversitéit, Natur an Nohaltegkeet ass et wichteg och Weeër opzeweisen, wéi deen Eenzele selwer an deenen Theemen e positiven Impakt kann hunn.

D’Naturverwaltung bedreift dofir 5 Naturschuzzenteren am ganze Land. Déi ugebueden Aktivitéite riichte sech un all Altersgruppe vu Schoulen, iwwer Maison-relaise bis zu privaten oder beruffleche Gruppen.

De Schoulprogramm, de Joresprogramm mat den ëffentlechen Aktivitéiten esou wéi eng ganz Rei Léierpied fir ze entdecke fënnt een op www.nature.lu.

Als grouss Erausfuerderung an der Sensibiliséierung erweist sech d’Komplexitéit vun den Theemen an déi wäit verbreete romantesch Virstellungen iwwer eis Natur. Zanter Joerhonnerten hunn d’Aktivitéite vum Mënsch eis Natur grondleeënd verännert; Flëss goufe kanaliséiert, Fiichtgebidder dréche geluecht, eis Bëscher intensiv genotzt a grouss Raubdéieren hu mir och keng méi. Dobäi kommen och nach aner Aflëss wéi de Klimawandel an d’Verbreedung vun invasiven Aarten. Mir liewen also an enger vum Mënsch gepräägter Kulturlandschaft, déi och weiderhin den Agrëff vum Mënsch brauch, fir datt verschidden Aarten och nach ëmmer hir ökologesch Nisch fannen, oder et net zu engem groussen Ongläichgewiicht kënnt. Esou kann et also sinn, datt zum Beispill an engem Naturschutzgebitt och mat schwéiere Maschinne geschafft gëtt, Beem ëmgeluecht ginn oder Kéi, Schof a Geesse grasen. Well dat séier kann zu Mëssverständnisser féieren, ass et an esou Fäll ganz wichteg, datt d’Ëffentlechkeet esou Moossnamen och versteet an ënnerstëtzt.


Invité ass de Steve Jungen, Responsable de la cellule Sensibilisation et Coordinateur national des Centres nature et forêt. Service communication et sensibilisation

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Geméis vum Grill | © Bigstock

Geméis vum Grill

Beim Grillen denkt ee meeschtens u Fleesch. Geméis vum Grill ass eng gesond a frësch Alternativ.
headphones

8 min

play_arrow
Gemeinwohl-Ökonomie fir Gemengen | © LEADER Zentrum Westen

Gemeinwohl-Ökonomie fir Gemengen

„The good life: Gemeinwohl-(Ökonomie) fir Gemengen“ ass e LEADER-Projet, dee Gemengen derbäi soll ënnerstëtzen, gemeinwohlorientéiert Entscheedungen ze treffen.
headphones

9 min

play_arrow
Virstellung vum Harespels-Pixi-Buch an der Ziel mat!-Aktioun | © Bigstock

Virstellung vum Harespels-Pixi-Buch an der Ziel mat!-Aktioun

Beim Pixi-Buch geet et dorëms, besonnesch de Kanner d’Angscht virun dësen immens interessanten Déieren ze huelen.
headphones

11 min

play_arrow
D’Schmuewelen - Eis Fréijoersbuete brauchen Hëllef | © Bigstock

D’Schmuewelen - Eis Fréijoersbuete brauchen Hëllef

Schéin unzekucken awer och immens nëtzlech.
headphones

17 min

play_arrow
Duerfentwécklung, en Instrument fir méi Liewensqualitéit am ländleche Raum | © Liz Hacken

Duerfentwécklung, en Instrument fir méi Liewensqualitéit am ländleche Raum

Als Ergänzung zum LEADER-Programm ënnerstëtzt d’Duerfentwécklung Infrastrukturprojeten, déi der lokal Bevëlkerung ze gutt kommen.
headphones

5 min

play_arrow
De Lycée Technique Agricole - méi wéi nëmmen eng Akerbauschoul | © Bigstock

De Lycée Technique Agricole - méi wéi nëmmen eng Akerbauschoul

De Lycée am Fokus: nohalteg - wëssenschaftlech - praktesch
headphones

11 min

play_arrow
Centre nature et forêt Ellergronn | © CNF Ellergronn

Centre nature et forêt Ellergronn

Fréijoer am Naturschutzgebitt Ellergronn
headphones

7 min

play_arrow
Libellen: d’Helikopter ënner den Insekten | © SIAS

Libellen: d’Helikopter ënner den Insekten

Libellen esou grouss wéi Falleken, Fangmasken, Paarungsrieder: mir ginn Iech e klengen Abléck an déi skurril Welt vun de Libellen.
headphones

12 min

play_arrow
Den Impakt vum Klimawandel op d’Planzebiodiversitéit | © Bigstock

Den Impakt vum Klimawandel op d’Planzebiodiversitéit

De Klimawandel verännert Bléizäiten, stéiert d’Zesummespill tëschent Planzen an Insekten a verlaangt méi flexibel Naturschutzaarbecht.
headphones

10 min

play_arrow
Wéi LEADER Éislek regional Produzenten ënnerstëtzt | © Leader

Wéi LEADER Éislek regional Produzenten ënnerstëtzt

Den aktuellen LEADER-Projet vun der Kooperativ „Lokal Produkter va Wëntger".
headphones

9 min

play_arrow
Insektepopulatioune stäerke mam Insekteräichprojet vum Naturpark Our | © Bigstock

Insektepopulatioune stäerke mam Insekteräichprojet vum Naturpark Our

Wat ass de Projet? Wat ka jidder eenzele fir d’Insekte maachen a firwat si se esou wichteg?
headphones

13 min

play_arrow
Verzicht op Pestiziden - E Plus fir eis an d‘Natur | © Virrage Images / Bigstock

Verzicht op Pestiziden - E Plus fir eis an d‘Natur

Pestizide si Stoffer, déi iwwerall sinn an een Afloss op eis Ëmwelt an eis Gesondheet hunn. Mat klenge Schrëtt kann een awer seng Expositioun reduzéieren.
headphones

8 min

play_arrow
Geschichteland: Muséeen am Wëlle Westen

Geschichteland: Muséeen am Wëlle Westen

D’Muséeën am Wëlle Westen schaffen zesumme fir eng modern kulturell Offer an der Regioun.
headphones

8 min

play_arrow
Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026 | © Patric Lorgé

Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026

Wéi all Joer gouf och dëst Joer de Vull vum Joer 2026 gewielt. Et handelt sech heibäi ëm eis klengst Schmuewelaart, nämlech d’Sandschmuewel.
headphones

7 min

play_arrow
Daucus carota subsp. sativus - Muerten | © Bigstock

Daucus carota subsp. sativus - Muerten

Knackeg, orange a gesond: Muerte schmaache gutt, si voller Power an dat eelste Wuerzelsgeméis op der Welt.
headphones

11 min

play_arrow
D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un | © Photonew

D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un

No engem gefillt ze laangen a groe Wanter weise sech dobaussen déi éischt Zeeche vum Fréijoer.
headphones

10 min

play_arrow
Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft | © Copyright: Guillaume Boulanger

Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft

Dat mat Hëllef vun engem spezialiséierten Aarbechtsgrupp.
headphones

9 min

play_arrow
Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen

Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen

Den 2 Februar ass den internationalen Dag vun de Fiichtgebidder
headphones

11 min

play_arrow
Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck

Op der Musel gëtt et vill grenziwwerschreidend Kooperatiounen. LEADER Miselerland ass do besonnesch aktiv an huet eng jett transnational Projete lancéiert.
headphones

13 min

play_arrow
Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang | © Gustavo Fring / Pexels

Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang

De Lycée Technique Agricole genéisst hei am Land eng sougenannten Exklusivroll. Et ass deen eenzege Lycée, an deem een déi sougenannte gréng Beruffer léiere kann.
headphones

14 min

play_arrow