Firwat fille mir eis op verschidden Deeg stabil a belaaschtbar - an op aneren Deeg gereizt oder erschëpft? D'Ernärung spillt eng méi grouss Roll, wéi vill Leit denken. Bluttzockerschwankungen, onreegelméisseg Iessen oder extreem Regimmer kënnen zousätzlech Belaaschtung op de Stresssystem ausüben. D'Fuerschung wéist, datt eng equilibréiert, mediterran Ernärung eng stabil Energieversuergung ënnerstëtzt an dozou bäidroe kann, d'mental Balance ze erhalen. Dat richtegt Iesse kann also hëllefe sech ënnerlech méi stabil ze fillen.
"Gitt net ënnerzockert an Stresssituatiounen.
Meng wichtegst Recommandatioun ass: Suerg fir eng stabil Energieversuergung.
Vill Leit iessen onreegelméisseg oder ze wéineg – an dat setzt de Kierper zousätzlech ënner Stress. Eist Gehir brauch awer konstant Energie".
Weider Erklärunge vun der Ernärunsgberoderin Stéphanie Rosquin.