Dramwelten - eng Saison fir anzedauchen a matzedreemen! Dës Saison am Kannermusée luet dozou an den Dreem op d’Spuer ze kommen: Wat sinn iwwerhaapt Dreem? Wou komme se hier a wéi kënne mir se ausdrécken? Wou begéinen si eis - am Spill, am Theater, an der Luucht oder awer am Schiet? Vun enger Statioun an der Ausstellung LOVE - Eng Rees an d’Land vun der Léift aus, gëtt d'Dreemen an all senge Facetten entdeckt. Mat ville kreativen Offere gi Räim fir Fantasie, Geschichten a gemeinsaamt Erfannen opgemaach.
En Interview mat der Manon Eicher vum Kannermusée Plomm. Weider Informatioune ginn et op www.plomm.lu.