Stress gehéiert fir vill Mënschen zum Alldag. De Kierper bléift dann déi ganzen Zäit am Alarmzoustand - och wann eigentlech keng Gefor besteet. Genee hei setzt d'Workshop-Rei "Mindful Flow - Yoga trifft Psychoedukation" un. A véier Unitéite verbannen d'Psychologinne Lea Büth a Johanna Weber wëssenschaftlech fundéiert Wëssen iwwer Entspanung mat Otemübungen a Yoga. D'Zil ass et ze verstoen, wéi Entspanung op eise Kierper wierkt - a se gläichzäiteg och praktesch ze erliewen. De Cours riicht sech u jiddereen, onofhängeg vu Virefarungen.
Tipp:
Mindful Flow - Yoga trifft Psychoedukation
26. Februar | Do. von 18-19:30 | Workshopreihe mit Yoga, Atemtechniken & Wissen rundum Entspannung | Treffpunkt im Familljen-Center in Luxemburg-Bonnevoie