GEENZEFFITI – E Konschtwierk dat verbënnt. An Zesummenaarbecht mat de Kanner vum Campus Geenzepark huet de Kënschtler David Soner e fantastesche Graffiti geschaf fir hire Campus – de GEENZEFFITI! Am kreativen Dialog hunn si sech eng besonnesch Welt ausgeduecht, eng Fantasiewelt voller Faarwen, Formen an Iddien. All Motiv vun dësem Graffiti bezitt sech op eng real Aktivitéit vum Campus Geenzepark a invitéiert jiddereen dozou, hei selwer ze dreemen, ze staunen a seng eege Geschichten ze schreiwen. Iwwer 6 Méint hunn d’Kanner ënner der Betreiung vun der Maison Relais um Campus Geenzepark a mat der Ënnerstëtzung vum Kannermusée PLOMM de Graffiti mam David Soner geplangt an ëmgesat.
Interview mam Julia Haslbauer vum Kannermusée PLOMM. Weider Informatiounen op www.plomm.lu.