D'Déier-gestëtzte Fërderung fënnt zu Lëtzebuerg ëmmer méi Beléiftheet, besonnesch wann et drëm geet, d'Entwécklung vu Kanner op spilleresch Aart a Weis ze fërderen. Eng besonnesch Form vun dësem Usaz ass den Asaz vu Liesmuppen. Esou ee Mupp ass de Willy. De Seniormupp kënnt aus Portugal, et ass e Strossenhond, him ass et ganz laang a sengem Liewen net gutt gaangen, war schwéier mësshandelt ginn an huet elo fir seng lescht Joren en neit Doheem an eng nei Aufgab fonnt.
Hien ass de Liesmupp an der EWB a gehéiert fest zum Team vun der Erwuessebildung. D’Leslie Fischbach, där de Willy gehéiert, ass Mediepädagogin. Ëm wat et dobäi geet, a wat dem Willy seng Presenz bei de Kanner beim Liesmoie bewierkt, verzielt si eis.
Nächste Liesmoie mam Liesmupp Willy ass de 15. Februar 2025. (www.ewb.lu)