Aus dem Liewen
natur musée
6 min
Déi geheimnisvoll Welt vun de Schlaangestären
Schlaangestäre sinn d‘Cousine vun de Séistären an de Séiigelen. Et sinn deemno Déieren, ouni Wirbelsail, déi um Mieresbuedem liewen, an dat nawell a grousser Zuel. Et gëtt tatsächlech kaum e Mier, wou een dës Déiercher net untrefft. Och wa kaum een dobaussen d’Schlaangestäre kennt, si se de Paleontologen e Begrëff, well hire Skelett aus Kallekplacke gutt verstengert. Meeschtens zerfält de Skelett zwar, mee och déi eenzel Kallekplacken enthalen als Mikrofossilien eng helle Wull un Informatiounen. Et si genee déi Informatiounen, déi d’Paleontologen aus dem Natur musée zanter ville Jore scho sammele fir d‘Verännerunge vum Liewen am Mier am Laf vun der Äerdgeschicht besser ze verstoen. Esou ass et hinnen z. B. gelongen erauszefannen, wéi a firwat evolutionär Innovatiounen entstinn, wéi eng Roll d’Déifséi an der Entwécklung vum Liewen am Mier gespillt huet, a wéi Déieren op Mieresberäicher mat Sauerstoffmangel reagéieren. Explikatioune mam Dr. Ben Thuy. Paleontolog am Musée national d’histoire naturelles (www.naturmusee.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil