Retromania
Georges Braque: Ee vun de Pappe vum Kubismus
7 min
De Georges Braque zielt nieft dem Picasso zu de Matbegrënner vum Kubismus. Vun 1907 bis 1914, wéi den Éischte Weltkrich ugaangen ass, hunn déi zwee Pionéier dëse Konschtgenre entwéckelt, duerno si béid Kënschtler sech ni méi begéint. Dem George Braque säin Numm gëtt an deem Kontext meeschtens als zweet genannt an da fänkt d'Wëssen iwwer dëse Kënschtler ganz séier un ze verschwannen.
De Moler, Grafiker a Sculpteur, deen och Affinitéiten zum Fauvismus hat, ass haut viru 60 Joer, den 31. August am Alter vun 81 Joer a senger Wunneng zu Paräis verstuerwen. De Jean Claude Majerus iwwer dëse groussen Artist