Retromania
Coolio: E Song, e Fluch an e Segen
7 min
Duerch d'Lidd "Gangsta's Paradise" gouf hien zu engem vun de ganz groussen aus der Rap-Zeen, de Coolio. Dëst Lidd gouf u sech als Titelsong fir de John Smith Film: "Dangerous Mind" aus dem Joer 1995 mat der Michelle Pfeiffer produzéiert, mee hat duerno als Single-Auskopplung e Mega-Succès, déi dem Sänger Coolio déi grouss Popularitéit bruecht huet.
De Coolio krut fir dëse Song, deen op dem Stevie Wonder sengem "Pastime Paradise" baséiert, 1996 e Grammy a gëtt am Fong gären als Hymn vun der globaler Rap-Zeen genannt.
Haut (1.8.) géif de Coolio 60 Joer kréien. Hien ass awer den 28. September d'lescht Joer zu Los Angeles un enger Iwwerdosis Fentanyl an Heroin gestuerwen. De Jean Claude Majerus iwwer de Coolio