Retromania
Edmond de la Fontaine: De Lëtzebuerger hiren Dicks
6 min
Hei zu Lëtzebuerg geet dacks vun den dräi Nationaldichter rieds, dem Michel Rodange, dem Mechel Lentz an dem Dicks. A genee deen Dicks, oder Edmond de la Fontaine, wéi säin richtegen Numm war, koum viru genee 200 Joer, de 24. Juli 1823 an der Stad op d'Welt.
Den Dicks huet der Lëtzebuerger Kultur e grousse literareschen a lyresche Patrimoine hannerlooss, Texter. Als Beispill just e puer Titelen, déi aus dem Dicks senger Fieder sinn: "D'Mumm Séiss", "De Ramplassang", "De Scholdschäin", "De Wëllefchen an de Fiisschen", "D'Hâmebritt" oder "De blannen Theis".
Den Edmond de la Fontaine ass een bedeitend Stéck Lëtzebuerger Kultur, déi net dierf a soll verluer goen. De Jean Claude Majerus erënnert un den Dicks.