Retromania
Festspiller Salzburg - De "Jedermann": eng Traditioun
12 min
Et ass zanter 1920 e feste kulturelle Rendez-vous am Summer an Éisträich, d'Salzburger Festspiller. D'Editioun 2023 gëtt dëse Weekend lancéiert, an ee vun de groussen Héichpunkten ass Joer fir Joer d'Opféierung vum "Jedermann". Dem éisträichesche Schrëftsteller, Lyriker, Dramatiker a Co-Fondateur vun de Salzburger Festspiller Hugo von Hofmannsthal säin Theaterstéck "Jedermann. Das Spiel vom Sterben des reichen Mannes" gehéiert zu de Salzburger Festspiller wéi d'Klackespill, d'Nockerl an d'Festung, esou soe se op alle Fall zu Salzburg.
Gëschter Owend (21.7.) hat dem Hofmannsthal säi "Jedermann" nees eng Kéier Première um Domplatz zu Salzburg fir den Optakt vun de Salzburger Festspiller 2023. An der Roll vum Jedermann ass dëst Joer an enger Mise en scène vum éisträicheschen Regisseur Michael Sturminger deen däitschen Acteur Michael Maertens, Member vum Wiener Burgtheater, ze gesinn.
De Jean Claude Majerus kuckt op den Hofmannsthal säi "Jedermann" zeréck.