Retromania
1968: "Ras-le-bol" bei de Studenten
12 min
Viru 55 Joer Joer waren déi scho bal legendär 68-er Onrouen , nët nëmmen am Mee vum Joer 1968, ma och virdrun an dono. Am Februar 1968 koum et zu Paräis zu Onrouen, dat nodeems den deemolegen Kulturminister André Malraux der Cinémathèque française, déi vum Henri Langlois geleet gouf, Subventiounen vum Staat gestrach hat. Dem Malraux säin Ziel war et mat dëser Annulatioun am Budget vun der Cinémathèque française den Henri Langlois kënnen ofzesetzen. An dës Décisioun vum André Malraux nieft aneren huet hiren Deel zu den Onrouen vum Mee 68 zu Paräis bäigedroen. Ma wat huet soss nach bougéiert, nët nëmmen zu Paräis, ma iwwerall am Hexagone, an och doriwwer eraus? Dat ass de Sujet haut am Retromania mam Jean Claude Majerus