Radioen

On air

Tockcity  |  Lucky Love - Happier On My Own - Lucky Love

play_arrow Live
100komma7.lu / Biotop

/ Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!

Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!

on the headlines



D'Insektestierwen ass zënter enger Etude aus dem Joer 2022, déi sougenannten "Krefelder Studie", an den Interessi vun der Ëffentlechkeet geroden. Ëmmer méi Insekte verschwannen aus eise Landschaften an och de Bezuch zu de klenge Krabbeldéieren hëlt of. D'Aktioun "Méi wéi Beien! Ziel mat!" vum Projet "Bestëbser - méi wéi Beien" wëll d'Bewosstsinn fir d'Insekte schafen.

Dofir kann hei och jidderee matmaachen, an eng Stonn laang verschidden Insekten, déi op engem Flyer an online ze fanne sinn, zielen. Informatiounen huet d'Biologin Nathale Grotz, bei der Fondatioun Hëllef fir d'Natur

D'Aktioun leeft vum 9. bis den 18. Juni 2023

Episoden

Nätzen: Waasser spueren, awer d'Planze gutt versuergen

Nätzen: Waasser spueren, awer d'Planze gutt versuergen

D'Waasser ass eng kostbar Ressource, mee de Gaart an d'Planzen am Dëppe brauche Waasser.
E Gaart fir Bestëpser

E Gaart fir Bestëpser

Mir verwandelen de Gaart an en Insekteparadäis.
Permakultur: wat ass gemengt, wéi kann een et doheem ëmsetzen?

Permakultur: wat ass gemengt, wéi kann een et doheem ëmsetzen?

De Begrëff Permakultur setzt sech aus den Wierder "Permanent" an "Agrikultur" zesummen, wat näischt anescht heescht wéi konstant Bewirtschaftung.
Insektefrëndlech méie fir méi Biodiversitéit

Insektefrëndlech méie fir méi Biodiversitéit

Am Gras wunne vill kleng Krabbeldéieren, déi da leider beim Méien dout gemaach ginn, mee deem kann een entgéint wierken .
Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!

Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!

Vum 9. bis den 18. Juni ginn Insekten gezielt, doheem am Gaart, um Balcon oder am Bongert.
Blummewiss

Blummewiss

Voller Liewen, schéin ze kucken a wéineg Aarbecht, dat ass eng Blummewiss am eegene Gaart.
Krunnewaasser oder Fläschewaasser?

Krunnewaasser oder Fläschewaasser?

Tipps dozou ginn et vun der Marianne Kollmesch, Vertriederin vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.
D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg

D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg

Déi einheimesch Villercher besser kenneléieren.
Mëschkulturen am Gaart

Mëschkulturen am Gaart

Mëschkultur am Geméisgaart: e Mix vu Planzen, Kraider a Blummen
Eng wichteg Roll am Ekosystem

Eng wichteg Roll am Ekosystem

Sechs onbeléiften Déieren, déi d'Leit dacks nerven, awer ganz nëtzlech sinn: de Kueb, d'Dauf, d'Spann, d'Harespel, de Maulef an d'Flantermaus.
D'Harespele (k)eng Plo

D'Harespele (k)eng Plo

Harespelen hunn e schlechten Numm, och wann dat net berechtegt ass.
Uleeën a flege vun engem Hochbeet

Uleeën a flege vun engem Hochbeet

Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischonge planzen.
Carbon Footprint

Carbon Footprint

Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!
D'Gesondheet vun de Bëscher

D'Gesondheet vun de Bëscher

Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg
Gromperen an alle Gréissten a Faarwen

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen

Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn
GUTT GESCHIER - eng Toolothéik

GUTT GESCHIER - eng Toolothéik

Eng flott Initiativ, bei där een esouwuel als Privatpersoun wéi och als Associatioun all méiglech Handwierksgeschier gratis ausléine kann.
Dëmpelen a Weieren, ënnerschate Liewensraim

Dëmpelen a Weieren, ënnerschate Liewensraim

Weieren an Dëmpele si méi komplex, wéi ee sech dat allgemeng virstellt. D'Klenggewässer sinn Natur an Kultur zugläich.
Dat richtegt Dëppe fir d'Planzen

Dat richtegt Dëppe fir d'Planzen

Fir Planzen unzezille kann den Choix vum Dëppchen d'Aarbecht vereinfachen a Planze schützen.
GUTT GESCHIER - eng Toolothéik

GUTT GESCHIER - eng Toolothéik

Eng flott Initiativ, bei där een esouwuel als Privatpersoun wéi och als Associatioun all méiglech Handwierksgeschier gratis ausléine kann.
Moukewanderung

Moukewanderung

Eng wichteg Rettungsaktioun. Firwat brauche Mouken eis Hëllef? Wéi kënne mir mat engem klenge Geste Grousses bewierken?