Biotop
Dat richtegt Dëppe fir d'Planzen
10 min
Et ginn all méiglech Zorten, Formen a Gréisste vu Planzendëppen a verschiddene Materialien. Als éischt sollt een ënnerscheeden op een Dëppe fir bannen am Haus brauch oder fir baussen, well déi verschidden Uspréch stellen, besonnesch bei grousser Hëtzt a bei Frascht. Gedanke sollt ee sech maachen, wéi ee Material am Beschte gëeegent ass fir seng Planzen. Déi eng brauche vill indirekt Fiichtegkeet, wat mat Dëppen aus Toun besser assuréiert gëtt, anerer brauchen vill direkt d'Waasser, wat ee mat Plastik besser kann assuréieren, well manner Waasser verdonst. Oppasse sollt een awer bei groussen, schwéiere Planzen, do mécht en Dëppen aus Plastik méi Sënn, well dat den Transport vereinfacht.
"Dëppen sollt net ze grouss sënn, well Wuerzelen soss d'Waasser net fannen an verdréchnen. Ëmdëppen sollt een, wann Wuerzelen ufänken ënnen aus dem Lach vum Dëppen raus ze wuessen, dann ass et ze kleng an et gëtt Zäit fir méi engt grousst Dëppen".
Dëppe kënnen och ouni Problem ee Gaart ersetzen, well verschidde Geméis-, Uebst- a Blummenzorte sech am Dëppen um Balcon zille loossen. Tomaten, Zalot, Äerdbieren a vill aneres kann am Dëppe wuessen, wann een op e puer Saachen oppasst.
De Choix vum Dëppchen kann d'Aarbecht vereinfachen a Planzen schützen.
D'Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem informéiert.