Biotop
GUTT GESCHIER - eng Toolothéik
![on the headlines](https://100komma7.lu/legacy/images/Marianne%20Kollmesch.jpeg)
Vum Pinsel bis bei d'Buermaschinn: D'Tools vu GUTT GESCHIER gi bei Privatpersounen, dem Ressourcen-Zenter oder vun Entreprisë gesammelt an op enger Plaz zesumme stockéiert. Duerch den Online-Reservéierungs-System fir et auszeléine kënnt dëst Geschier erëm an de Kreeslaf, wou et gebraucht a genotzt gëtt. Esou kann et seng ganz Liewensdauer iwwer profitéiert ginn.
"Bei GUTT GESCHIER geet et ëm Handwierksgeschier, deem mir en zweet Liewen offréieren. De gréissten Deel vun deem Geschier gouf net méi gebraucht, obschonns et nach voll funktiounsfäeg ass. Mir bréngen dat Geschier erëm an den Ëmlaf, fir datt et weiderhi ka vun esou vill wéi méiglech Leit genotzt ginn".
D'Ausléine vu GUTT GESCHIER dréit dozou bäi fir d'Produktioun an de Kaf vun neiem Handwierksgeschier, wat Energie verbraucht an CO2 produzéiert, ze vermeiden, wéi och den Offall vu Geschier, dat kaum genotzt gëtt, ze reduzéieren.
"D'Agence vun der Transition Energétique a Frankräich hat 2018 festgestallt, datt déi duerchschnëttlech Gebrauchsdauer vun enger Buermaschinn bei nëmmen 12 Minutte läit. Dat heescht, datt se de Rescht vun der Zäit am Keller läit a Stepps fänkt".
esou d'Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung
D'Toolothéik ass an der Facilitec zu Esch-Uelzecht.
Episoden
![Nohaltegkeet am Gaart](/legacy/images/12280/image-thumb__12280__base_thumbnail/Danielle%20Keup.30d59413.jpg)
Nohaltegkeet am Gaart
Ausser op Pestizide verzichte gëtt et nach vill Méiglechkeeten nohalteg am eegene Gaart ze schaffen.
![© Wikimedia Commons Päiperleksmonitoring an Insektesummer | © Wikimedia Commons](/_default_upload_bucket/187279/image-thumb__187279__base_thumbnail/bloschillernde%20Feierfalter.98c0fce6.jpg)
Päiperleksmonitoring an Insektesummer
Insekte spillen an eisem Ökosystem eng wichteg Roll, allerdéngs wësse mir ëmmer nach net genuch iwwer dës Déieregrupp. De Monitoring soll dat änneren.
![Wäibau an Naturschutz](/1_Foto/100komma7.lu/185239/image-thumb__185239__base_thumbnail/Nisthilfen_Weinbau.7f21ed66.jpg)
Wäibau an Naturschutz
Firwat sinn déi traditionell Wéngertsstrukturen net nëmme fir d’Wäiproduktioun wichteg, a wat kënnen d’Wënzer fir d’Bestëbser maachen? Firwat ass Villfalt wichteg fir d’Resilienz vun de Wéngerten?
![Gedankefloss: Philosophéieren iwwer Ëmwelttheemen](/1_Foto/100komma7.lu/183898/image-thumb__183898__base_thumbnail/Yoga.c29f6d21.jpg)
Gedankefloss: Philosophéieren iwwer Ëmwelttheemen
De Projet "Gedankefloss“ proposéiert philosophesch Ronnen ze organiséieren, fir zesummen iwwer Ëmweltfroen nozedenken an nohalteg Léisungen ze fannen.
![D’Naturschutzgebitt Ellergronn mat senge Wanderweeër a Biotopen](/1_Foto/100komma7.lu/129259/image-thumb__129259__base_thumbnail/Ellergronn.c8b62a44.jpg)
D’Naturschutzgebitt Ellergronn mat senge Wanderweeër a Biotopen
Eng divers Natur an de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie fléisst hei zesummen.
![Schleeck | © Bigstock / Ivan Marjanovic Seejomessen a Schleeken am Gaart | © Bigstock / Ivan Marjanovic](/1_Foto/100komma7.lu/180868/image-thumb__180868__base_thumbnail/Schleeck.a8a094f8.jpg)
Seejomessen a Schleeken am Gaart
En natierlechen Botzdéngscht am Gaart
![Einheimesch Séisswaassermuschel: Notzen, Schutz a Bedroung](/1_Foto/100komma7.lu/179878/image-thumb__179878__base_thumbnail/Muschel.9a1d3ffb.jpg)
Einheimesch Séisswaassermuschel: Notzen, Schutz a Bedroung
Siwen einheimesch Muschelaarte ginn et zu Lëtzebuerg.
![Verschwannen d'Bestëbser?](/1_Foto/100komma7.lu/178024/image-thumb__178024__base_thumbnail/Bei%20op%20enger%20Blumm.f54a7108.jpg)
Verschwannen d'Bestëbser?
Zanter Jore gëtt ee staarke Réckgang vun de Bestëbser-Insekten observéiert. Dat huet e puer Grënn: d’Flächeversigelung, den Asaz vu Pestiziden an d’Verschwanne vun den natierlechen Narungsquellen a Liewensraim vun de Wëllbeien oder Päiperleken.
![Wat bedeit et wann e Beräich zum Naturschutzgebidd proclaméiert gëtt?](/legacy/images/20540/image-thumb__20540__base_thumbnail/Musel.7412cfd0.jpg)
Wat bedeit et wann e Beräich zum Naturschutzgebidd proclaméiert gëtt?
Op der Musel ginn et 4 interessant Naturschutzgebidder, de beschtbekannten ass de Biodiversum Camille Gira.Mee wat mécht dësen esou besonnesch?
![Majiskraut - Léifstack (Liebstöckel, livèche, lovage)](/1_Foto/100komma7.lu/175018/image-thumb__175018__base_thumbnail/Maggi.70313aab.jpg)
Majiskraut - Léifstack (Liebstöckel, livèche, lovage)
En onkomplizéiert, romantescht Kraut, vun deem een alles vun der Planz dat ganzt Joer iwwer an der Kiche verwäerte kann.
![Ouni Pestiziden - Eng Alternativ fir Mënsch an Natur](/1_Foto/100komma7.lu/172837/image-thumb__172837__base_thumbnail/Pestizid%20Gaart.6d157967.jpg)
Ouni Pestiziden - Eng Alternativ fir Mënsch an Natur
Zanter 15 Joer setzt sech déi national Campagne “Ouni Pestiziden” fir de Verzicht op Pestiziden an. Hire Message ass kloer: “Manner sprëtzen, méi naturno Alternativen”.
![Eng gréng Terrass oder Balcon, déi och Insekte-frëndlech ass](/1_Foto/100komma7.lu/171425/image-thumb__171425__base_thumbnail/Balkon.eba7bf55.jpg)
Eng gréng Terrass oder Balcon, déi och Insekte-frëndlech ass
Wéi ee mat einfachen Mëttelen de Balcon oder d’Terrass méi naturno an Insekte-frëndlech gestalte kann.
![Den Eisléker Bësch aktiv (er)liewen](/1_Foto/100komma7.lu/170207/image-thumb__170207__base_thumbnail/Burfelt.5c8c2d1f.jpg)
Den Eisléker Bësch aktiv (er)liewen
An a ronderëm den Naturschutzzentrum Burfelt kann een e ganz speziellen Eisléker Bësch erliewen, an zwar d’Louheck.
![Net alles aus dem Baumarkt gehéiert an d‘Natur](/1_Foto/100komma7.lu/168581/image-thumb__168581__base_thumbnail/Blummen%20Trap.4cd5ed19.jpg)
Net alles aus dem Baumarkt gehéiert an d‘Natur
Am Fréijoer, wann et mei waarm gëtt an déi éischt Blumme bléien, fänke vill Leit un am Gaart ze schaffen a kafen nei Planzen. Wie säi Gaart ekologesch wäertvoll gestalte wëllt, sollt op e puer Saachen oppassen.
![Wisen a Weeden](/1_Foto/100komma7.lu/154154/image-thumb__154154__base_thumbnail/Blummewiss.aea9494d.jpg)
Wisen a Weeden
Vum Hannergrond vun aktuellen Diskussiounen ëm d’Klima, proppert Waasser, Biodiversitéit oder Insektestierwen, kréien aarteräich Wisen a Weeden ëmmer méi Bedeitung.
![Muerten | © AlterPhoto / Bigstock Séisst Geméis | © AlterPhoto / Bigstock](/1_Foto/100komma7.lu/153164/image-thumb__153164__base_thumbnail/Muerten.35eb72c6.jpg)
Séisst Geméis
Bei Séissem aus dem Gaart denke mir fir d‘éischt un Uebst. Mee et gëtt och Geméis, dat séiss schmaacht an den Zockergehalt vun Uebst souguer iwwertrefft.
![Sumpfdotterblummewiss a Planzegesellschaften](/1_Foto/100komma7.lu/136908/image-thumb__136908__base_thumbnail/SIAS.6b9e2f39.jpg)
Sumpfdotterblummewiss a Planzegesellschaften
Flora a Fauna vu Sumpfdotterblummewisen
![D'Villfalt vun de Biotopen](/1_Foto/100komma7.lu/145283/image-thumb__145283__base_thumbnail/Biotop%20Fr%C3%A4sch.73a0a0ab.jpg)
D'Villfalt vun de Biotopen
Biotopen am Naturschutzzentrum Mirador zu Stengefort
![© Sabrina Schaul Naturpedagogik a "Léieren an der Natur" | © Sabrina Schaul](/1_Foto/100komma7.lu/143456/image-thumb__143456__base_thumbnail/Biotop%2027.02.cf5b519b.jpg)
Naturpedagogik a "Léieren an der Natur"
Zwee interessant Projete vun natur&ëmwelt, déi sech virun allem un d‘Kanner adresséieren
![Bierenuebst schneiden](/1_Foto/100komma7.lu/92575/image-thumb__92575__base_thumbnail/Dani%C3%A8le%20Keup.4525b27b.jpg)