Klassik Live
Mein Vaterland
5 min
Mat senger Kompositioun "D'Moldau" huet de Bedřich Smetana eent vun de beléiftste Stécker aus der klassescher Musek geschriwwen. Et ass Deel vum Zyklus "Má vlast" (Mein Vaterland) an deem den tschechesche Komponist Mythen, Geschichten an d'Landschaft vu senger Heemecht musikalesch opgräift.
Dëst Wierk steet bei der siwenter Matinée vun dëser Saison vun der Deutschen Radio Philharmonie ënner der Direktioun vum Pietari Inkinen um Programm.
Den opus 100,7 an de radio 100,7 iwwerdroen dëse Concert zesumme mam SR2 KulturRadio live aus der Alten Schmelz zu St. Ingbert.