Retromania
De Papp vum Multi-Kulti-Grupp Les Humphries Singers
9 min
Mat "Mama Loo", "Kansas City" oder "Mexico" hunn d'Les Humphries Singers an de 70er Joren en neie Wand an déi däitsch Pop-Zeen bruecht, a virun allem stoungen déi sëllege Sänger an där Grupp fir eng gewëss Hippie-Romantik. Les Humphries Singers waren zu hirer Zäit eng vun de Popgruppen mat deem meeschte Succès. Gegrënnt gouf de Grupp, wéi den Numm et seet, vum englesche Sänger a Museker Les Humphries, deen, wéi eréischt ufanks Mäerz 2008, viru ronn 15 Joer annoncéiert, am Dezember 2007 an engem Spidol zu Basingstoke a Südengland am Alter vun 67 Joer gestuerwen ass. De Les Humphires a seng Les Humphries Singers stinn am Mëttelpunkt beim Jean Claude Majerus.