Radioen

On air

Soundcheck  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Arômes Complexes

Arômes Complexes

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Eng imaginär Rees vun der Môme Piaf gëtt erzielt vum franséische Sänger Nicola Són op sengem Album "Piaf do Brasil", wou hien d'Stecker vun der Edith Piaf op brasilianesch revisitéiert.


Kreativ schaffen, Neies erschafen awer gläichzäiteg musse schaffe goe fir de Liewensënnerhalt ze verdéngen, domadder sinn déi meescht Artiste konfrontéiert. Esou och d'New Yorker Formatioun Widowspeak, déi sech op hirem neien Album "Plum" mat dëser Realitéit ausenanersetzt.


Paris-Texas, déi grouss Espacen a riicht Stroossen, déi op en endlosen Horizont hi-féieren ... "Road to Grasslands" ass der franséischer Formatioun L'Attirail hire leschten Album iwwerschriwwen.


Eng narzisstesch Diva, déi mat Schampes geguergelt huet, hiren Alter mat spirituell gefillte 6.000 Joer an deen emotionale mat fënnef Joer chiffréiert huet, dat ass d'Asha Puthli. Eng nei Kompilatioun ass dëser charismatescher an ënnerbewäerter indescher Jazz-Sängerin gewidmet: "The Essential Asha Puthli".


Rodolphe Burger, Sofiane Saidi a Mehdi Haddab sinn zesumme fir en neien Album, dee "Mademoiselle" heescht, an dee fir den 10. Februar ugekënnegt gëtt. Dorausser héiert Dir haut e villverspriechenden éischten Extrait.


Jazz Improvisatioune mat gerappten Texter héiere mir um neien Album "Arômes Complexes" vum Kontrabassist François Poitou zesumme mat der Rapperin Pumpkin.


Playlist:



Ben Sidran - About Love - Feel Your Groove

Nicola Són - Padam Padam - Piaf do Brasil

Yodi - De Tu Ciudad - Sin Armadura - EP

Widowspeak - Even True Love - Plum

L'Attirail - Le tabac du diable - Road To Grasslands

Vieux Farka Touré & Khruangbin - Diarabi - Ali

Asha Puthli & The Surfers - Sound Of Silence - The Essential Asha Puthli

Arthur H - Tokyo Kiss - Amour chien fou

Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab - One Two Three - One Two Three

Aldous Harding - Old Peel - Old Peel - Single

The Cramps - Human Fly - Off the Bone

King Crimson - I Talk to the Wind - In the Court of the Crimson King

Herbie Mann - Cajun Moon - Surprises

Gyedu-Blay Ambolley - Yekor Ye a Yeaba - Gyedu - Blay Ambolley and Hi - Life Jazz

François Poitou & Pumpkin - Deux pieds dans le sable - Arômes Complexes


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.