Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Hayden Thorpe - They

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Best of 2022

Best of 2022

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Déi fënnef jonk Museker vun der Touareg Grupp Imarhan hunn ufanks des Joers hiren drëtten Album "Aboogi" verëffentlecht. Den Disk ass benannt no den éischte semi-permanente Strukturen, déi hir nomadesch Virfare bei der Grënnung vu Siidlungen an Dierfer opgeriicht hunn.

Am Februar dëst Joer koum den Album "Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)" via de Label Accords Croisés op de Maart. En ambitiéise Projet, dee sech mat der Fro vun de Refugiéen ausenanersetzt. Artisten an Artistinnen ë. a. aus dem Mali, dem Iran, Afghanistan a Frankräich hu sech hei zesummefonnt fir en Dialog, dee méi schéin net ka sinn.

Ufanks Mee dëst Joer huet de Rhabdomantic Orchestra, e Kollektiv ronderëm deen italieenesche Komponist a Multiinstrumentalist Manuel Volpe den Album "Almagre" verëffentlecht. En Disk, deen eng surrealistesch Ästheetik erklénge léisst an och südamerikanesch Aflëss.

Tapete Records hunn ufank des Joers de posthumen Album "The Highest in the Land" vu The Jazz Butcher erausbruecht, eng englesch Formatioun, déi zu Oxford an de fréien 80er vum Pat Fish a Max Eider gegrënnt gouf. De Pat Fish war bekannt fir seng poetesch a sarkastesch Fieder. Mir héieren d'Auer ticken "my hair's all wrong, my time ain't long, Fishy go to Heaven ..." De Pat Fish aka Jazz Butcher sengt iwwer säin eegent Ofliewen.

De Sage Motel zu San Francisco war fir d'éischt eng Erhuelungsplaz fir Trucker a Weltenbummler, éier dorausser an de 60er a 70er eng hip Adress gouf, wou Artisten an Aussteiger sech erëmfonnt hunn. Och grouss Nimm sinn do an an aus gaangen. D'Monophonics ronderëm de Mastermind Kelly Finnigan hunn hire fënnefte Studio-Album dem Sage Motel gewidmet, eng zu där Zäit mondän Plaz, wou vill Glamour, Kreativitéit an och esou munch Dramae sech ofgespillt hunn.

Best of vu dësem Joer bei One World, zum Cynthia senger Top-Lëscht, zielt och dem Saxofonist Laurent Bardainne a sengem Tigre d'Eau Douce säin Album "Hymne au soleil". Mir héieren dorausser hei déi schéin jazzy Partitioun vum Titel "Jou en nou rivé", subliméiert vun der Interpretatioun op kreolesch vun der Célias Wa!

Deen tierkesch-europäesche Crossover vun der Derya Yildirim mam Grup Simsek op hiren Album "Dost 2" ass eng irresistibel Fusioun aus anatoleschem Retro-Funk aus de 70er an enger sensibeler an duusser Folk-Poesie.

Den Englänner Alabaster Deplume aka Gus Fairbairn säin Album vun dësem Joer heescht "Gold". Eng gutt Fieder huet hien allemol a seng Poesie ass déifgrënneg ...

All Guddes am Neie Joer!

Playlist:


Imarhan - Achinkad - Aboogi
Minino Garay - Que carajo (feat. Hernán Jacinto) - Speaking Tango (feat. Hernán Jacinto)
Bantu Clan vs. Sarabi - Africa Ni Leo (Esa & Nonku Phiri Kaap Mix) - Future Sounds of Jazz Vol. 15
Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)
Rhabdomantic Orchestra - Emblema - Almagre
Neue Grafik Ensemble - Breath (feat. JJ Akinlade) - Foulden Road Part II
Oan Kim - Whispers - Oan Kim & the Dirty Jazz
The Jazz Butcher - Time - The Highest in the Land
Lee Fields - Ordinary Lives - Ordinary Lives - Single
Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel - Sage Motel
Laurent Bardainne, Celia Wa & Tigre d'Eau Douce - Jou en nou rivé - Hymne au soleil
Derya Yildirim & Grup Simsek - Bal - Dost 2
Alabaster Deplume - Who Is a Fool - Gold

Musek

Episoden

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales de Rennes

Bal nëmmen Artisten, déi op den Trans optrieden. Wéi all Joer proposéieren d’Programmateure, de Jean-Louis Brossard a Mathieu Gervais, eng eklektesch Affiche, déi de Bols vun der Zäit fillt.
headphones

55 min

play_arrow

Legends & more

Zäitdokumenter aus de 40er a 70er Joren, Nei-Verëffentlechungen, Film-Museke revisitéiert an eng Anekdot
headphones

56 min

play_arrow

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

56 min

play_arrow

Honky Tonk

Sound-Tüftler, de Klang aus de 70er vun haut, onëmgänglech Folk-Tunes, Weltebummler an eng Honky Tonk Nonn
headphones

56 min

play_arrow

Rythm & Beats

Engagéierten Afrobeat, Spoken Word aus der Karibik, eng irresistibel Soul a Beats, déi eis vum Hocker geheien ...
headphones

57 min

play_arrow

Ecken a Kanten

Nei Stëmmen aus dem Flamenco, faméis Gittaren, Avant-garde Artisten, déi den Traditiounen Ecken a Kanten verpassen an eng Decouverte aus Brasilien
headphones

56 min

play_arrow

One World

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bëssen Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band di léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guru’en

Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bësse Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band, déi léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guruen
headphones

56 min

play_arrow

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.