arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Honky Tonk

Honky Tonk

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

De Soundtüfftler Degiheugi vu Saint-Malo remixéiert der Brigitte Bardot hiren “Un jour comme un autre”.

Drugdealer nennt sech d’Formatioun ronderëm de Frontman Michael Collins. Si loosse mat hirem Album “Hiding in Plain Sight”, dee virun engem Joer erauskoum, hir Léift fir de Sound aus de 70er erkléngen.

case/lang/veirs ass de kanadesche Supergrupp, deen aus dem Neko Case, k.d Lang an der Laura Veirs besteet. E Folk, dee bekannte Klacke laude léisst …

Déi an der Ukrain gebuere Pianistin Svetlana Andreeva huet en neien Album, dee “Synesthesia” iwwerschriwwen ass. D’Stécker sinn aus der Fieder vum franséischen zäitgenëssesche Komponist Christian Schittenhelm.

D’Emahoy Tsegué-Maryam Guèbrou, kuerz Emahoy, déi am Alter vun 99 Joer gestuerwen ass, war eng klassesch geschoulte Musekerin an eng Nonn. Hiert Spill, dat mat kengem aneren ze vergläichen ass, refletéiert all d’Etappe vun hirem aussergewéinleche Liewen. Esou ass hire Klang eng kuriéis Fusioun aus Fin de siècle Piano, Gospel, Ragtime, ethiopescher Volleksmusek an de choralen Traditioune vum Land senger orthodoxer Kierchemusek. Sakral a profan zugläich.

Deen an England baséierte Quintet Me and My Friends schaaft eng soulful Musek mat Referenzen un den Highlife, Afrobeat an de Folk.

De Bernard Lavilliers ass zanter 1965 aktiv an ass geschat fir säin eenzegaartege Melange aus franséischer Chanson, Rock, Reggae, Salsa a Bossa Nova. Grad esou eenzegaarteg ass säin Asaz fir ënnerdrëkte Vëlker. D’Musek an d’Texter si beaflosst vu senge ville Reesen, notamment a Südamerika.


Playlist:

1. Degiheugi - Un Jour Comme Un Autre (Moderator Remix) - Remixed Treasures

2. Drugdealer - Pictures of You (feat. Kate Bollinger) - Hiding in Plain Sight

3. case/lang/veirs - Greens of June - Case / Lang / Veirs

4. Fairport Convention - Who Knows Where the Time Goes? - The History of Fairport Convention

5. Nana Rashid - Poor Blue Betty - Music for Betty

6. Svetlana Andreeva - Through the Window - Synesthesia

7. Emahoy Tsegué-Maryam Guèbrou - The Homeless Wanderer - Spielt Eigen Kompositionen

8. Mark Lanegan & Duke Garwood - Black Pudding - Black Pudding

9. Me and My Friends - To My Dear (Rework) - To My Dear (Rework) - Single

10. KOKOROKO - Carry Me Home - Carry Me Home - Single

11. Julien Daïan Quintet - Trop c'est trop - CUT-UP

12. Bernard Lavilliers & Bonga - Angola - Causes perdues et musiques tropicales

13. Omar Sosa - Ravann Dan Jazz (feat. Menwar) - An East African Journey

Episoden

Beats, Jazz & more

Hypnotesch, melancholesch, däischter oder grooveg Titelen aus verschiddene Genren.
headphones

55 min

play_arrow

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow