Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ World of Sound

World of Sound

Warhaus, dat ass den artisteschen Alter Ego a Solo-Projet vum Maarten Devoldere, dee mir vun der Formatioun Balthazar kennen. Warhaus loossen eng catchy Pop erkléngen.

Déi amerikanesch Musekerin Rhiannon Giddens, bekannt fir hiren eklektesche Folk, entdecke mir op hirem neien Album “You’re the one”.


Den Album “Dub No Frontiers” vum Adrian Sherwood gëtt de Sängerinnen d’Wuert, well anscheinend d’Arena vum Dub a vum Reggae virun allem de Männer reservéiert wier. Esou huet de Meeschter vun de Knäppercher an den On-U Sound-Produzent decidéiert Artistinnen ze invitéieren, déi selwer e Lidd vun hirem Choix schreiwen a presentéieren um Sherwood senge Rythm Tracks.


En Disk, deen a kenger gudder Kollektioun feelen däerf, ass “Frames & Drums” vum Murat Coskun mam Michel Godard a mam Giora Feidman (Klarinetten) als Gaascht-Invitéen derbäi. “Frames & Drums” ass de remarkabele Solo-Debut vum Murat Coskun. Mir héieren de Facette-räichen Ausdrock vu senger Erfarung an déi virtuos Maîtrise vu sengem perkussiven Instrumentarium.


Mir entdecken den neien Album “In The Spirit Of Ntu” vum südafrikaneschen Jazz-Museker Nduduzo Makhathini Album an erënneren un dem Steve Shehan säin “Hang”-Disk mat e puer renomméierte Gaaschtinvitéen derbäi.


Playlist:

1. Warhaus - Time Bomb - Ha Ha Heartbreak

2. Rhiannon Giddens - You Louisiana Man - You’re the One

3. Trio SR9 & Blick Bassy - Bad Guy - Déjà Vu

4. Adrian Sherwood & Temi Oyedele - I Dupe (Thanks Giving) - Dub No Frontiers

5. Ali - Downtown Strut- Single

6. Hermon Mehari - Tefanaqit - Single

7. Etienne de la Sayette & Wild Horses Orchestra - Nave Nave Moe - Nave Nave Moe

8. Murat Coskun & Michel Godard - Sunrise in Cappadocia - Frames & Drums

9. Steve Shehan - Yaar (feat. Golshifteh Farahni & Didier Malherbe) - Hang With You

10. Nduduzo Makhathini - Senze’ Nina - In The Spirit Of Ntu

11. The Coral - North Wind - Sea Of Mirrors

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.