Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ A World of Sound

A World of Sound

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

De Gyedu-Blay Ambolley ass en Highlife-Museker aus Ghana, Songwriter, Produzent a Komponist. Hie gëllt als éischte Museker, deen d'Form vum Rap an déi lokal Rhythmen integréiert an esou en neie Genre geschafen huet: de Simigwa.

De Florian Gratton alias Flox steet op de Reggae an all senge Formen. De Londoner, dee Paräis zu senger Walheemecht gemaach huet, huet 2022 Joer säin neien Album "Sqzare Dub" verëffentlecht, op deem hien Elektro-Pop mat Reggae-Rhythme verbënnt.

D'Senny Camara ass grouss gi mat de westafrikanesche Museks-Traditiounen an ass och haut nach ëmmer vun dëse beaflosst. Zu Dakkar gebuer a vun enger Traditiouns-bewosster Groussmamm grouss gezu ginn an engem Duerf, dat haaptsächlech vun der Ethnie vun de Serer bewunnt war, esou war déi jonk Senny Camara ëmgi vun der Musek, virun allem och den "Ndeup", dat sinn déi Lidder, déi fir Heelungs-Zeremonië benotzt ginn.

De Cuarteto Tafi léisst eng powerfull Fusioun vun der argentinescher Stëmm - et ass déi vun der Sängerin Léo Harispe - an de Latino-Influenzen erkléngen. "Amenacer" ass hire véierten Album, musikalesch Landschaften, déi alleguer leidenschaftlech klengen.

Den Oan Kim ass e franséisch-koreanesche Saxofonist, Sänger, Komponist an och Realisateur a Fotograf. Säin 2022 Album "Oan Kim & the Dirty Jazz" zielt zu de Favoritte vun deem Joer.

De Lewis Evans ass vu Liverpool a wunnt an der Normandie. Seng éischt Karriär als Museker huet hie gemaach un der Spëtzt vun der franséischer Formatioun The Lanskies, duerno als Solo Museker, éier hien dunn d'Musek ganz opginn huet. De Lewis Evans huet duerno als Gäertner geschafft, an et ass am Gréngen, wäit ewech vun de Bünen, wou hien de Pleséier fir d'Musek zeréckfanne konnt.

En neie Phenomeen vun New-Orleans ass d'79rs Gang. Un der Spëtzt vun dësem Kollektiv zwee Black Indians Cheffen. Dat heescht Indianer vu Mardi Gras, déi d'Traditioun vum faméise Carnaval inkarnéieren, de Jermaine Bossier a Romeo Bougere, déi aus rivaliséierenden Tribue stamen. Déi Zwee hunn also d'Friddenspäif gefëmmt ...

Den Eritreeër Hermon Mehari ass zu Kansas City gebuer, seng Famill hat d'Land an den 80er Jore wéinst dem Krich verlooss. Zanter 2015 lieft deen héich begaabten Trompettist zu Paräis a vereent sech nees mat sengen Originnen um Album "Asmara".

Playlist:


Gyedu-Blay Ambolley - Yekor Ye a Yeaba - Blay Ambolley and Hi - Life Jazz
Flox - In The Shade - Square Dub
Groundation - Market Price - One Rock
The Rebels of Tijuana - Brazil 70 - Brazil 70/EP
Senny Camara - Bim Bam - Boolo/EP
Djely Tapa - Barokan - Barokan
Ibrahima Cissokho & Mandingue Foly - Ware - Liberté Mom Sa Bop
Cuarteto Tafi - Somos de la Tierra (feat. Serge Lopez & Jean-Luc Amestoy) - Amanecer
Souad Massi - Dessine-moi Un Pays - Sequana
Oan Kim - The Interzone - Oan Kim & the Dirty Jazz
Lewis Evans - The Devil and the apple tree - Ascension
79rs Gang - 79rs Bout To Blow - Expect the Unexpected
Hermon Mehari - Tefanaqit

Musek

Episoden

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales de Rennes

Bal nëmmen Artisten, déi op den Trans optrieden. Wéi all Joer proposéieren d’Programmateure, de Jean-Louis Brossard a Mathieu Gervais, eng eklektesch Affiche, déi de Bols vun der Zäit fillt.
headphones

55 min

play_arrow

Legends & more

Zäitdokumenter aus de 40er a 70er Joren, Nei-Verëffentlechungen, Film-Museke revisitéiert an eng Anekdot
headphones

56 min

play_arrow

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

56 min

play_arrow

Honky Tonk

Sound-Tüftler, de Klang aus de 70er vun haut, onëmgänglech Folk-Tunes, Weltebummler an eng Honky Tonk Nonn
headphones

56 min

play_arrow

Rythm & Beats

Engagéierten Afrobeat, Spoken Word aus der Karibik, eng irresistibel Soul a Beats, déi eis vum Hocker geheien ...
headphones

57 min

play_arrow

Ecken a Kanten

Nei Stëmmen aus dem Flamenco, faméis Gittaren, Avant-garde Artisten, déi den Traditiounen Ecken a Kanten verpassen an eng Decouverte aus Brasilien
headphones

56 min

play_arrow

One World

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bëssen Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band di léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guru’en

Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bësse Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band, déi léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guruen
headphones

56 min

play_arrow

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.