One World
Multikulti
56 min
De Sunsay, mat richtegen Numm Andriy Zaporozhets, aus der Ukrain, ee bei eis nach onbekannten Artist, a sengem Land hat hien awer vill Succès mat der Formatioun 5'nizza.
Eng nei Stëmm aus dem zäitgenëssesche Flamenco ass déi vu Rocio Marquez y Bronquio. Si, eng vun de schéinste Stëmmen aus dem Flamenco vun haut, hien, e bekannte spuenesche Produzent aus dem Beräich vun der elektronescher Musek. Mir héieren hei eng zäitgenëssesch Entfriemung vum Genre ...
De Rodín Kaufmann ass an Däitschland gebuer, am Marokko, an Ägypten an am Libanon grouss ginn an ass elo zu Marseille installéiert. Polyglott a multidisziplinär, den Artist decidéiert déi okzitanesch Sprooch ze léieren a sengt se op seng Aart a Weis, agepaakt a ganz eegen Hybrid-Kompositiounen.
De Grupp Ayom gouf zu Barcelona gegrënnt a gëtt vun der brasilianescher Sängerin a Perkussionistin Jabu Morales geleet. Si ass ëmgi vu Museker aus Angola, Italien a Griichenland. Ayom léisst den Itineraire vun der afrikanescher Diaspora erkléngen.
Eng schéin orchestréiert Pop héiere mir vum Jan Verstraeten. Dem Museker vu Gent seng Kompositioune klénge wéi musikalesch Postkaarten, e Coup de coeur!
Psychedeeleschen orientalesche Funk vu Jakarta proposéiert den indoneseschen Trio Ali, en hypnotesche Groove, beaflosst vum Sound aus dem Underground vu Jakarta an de 70er Joren.
Vicky Veryno ass en neien Numm am Beräich vun de Singer-Songwriterinnen. D'Franséisin vu Rennes schaaft eegen Atmosphäre mat enger gudder Balance tëschent Akustik an Elektronik.
Kóboykex sinn zwee Kärelen, déi sech als Cowboye presentéieren, Hiemer mat Fränjelen a mat pastellfaarwege Stetsons. Déi zwee Färöer vu Kóboykex maachen eng Musek déi schéngt aus dem Néierens ze kommen, esou wéi déi geographesch Positioun vun den Inselen, een zeréckgesaten Tempo tëschent Country a minimalistescher Elektronika.
Afro-Elektro, dat ass d'Spillwiss vun der Asna, d'Komponistin an d'DJ staamt vun Abidjan. Wann een DJ och e Museker ass, dann an dësem Fall op jiddwer Fall!
Psychedelesch Kläng aus der Tierkei héiere mir vu Şatellites, Grupp, déi zu Tel Aviv baséiert ass. Si sinn inspiréiert vun den anatolesche Kläng aus de 70er a revisitéieren op hir Aart a Weis vergiesse Stécker vun Divae wéi enger Kamuran Akkor oder Ferda Gül.
Playlist:
Sunsay - Excatly U/Single
Rocio Marquez y Bronquio - Niña De Sangre -Tercer Cielo
C. Tangana & Niño de Elche - Un Veneno/Single
Puuluup - TV on the street - Viimane Suusataja
Rodín - Rei de la luna - Pantais Clus
Ariel Tintar - Taxi Caraïbes/Single
Ayom - Cachaça e macarrão - Ayom
Jan Verstraeten - Vampire In My Bed - Violent Disco
Ali - Downtown Strut/Single
Danielle Ponder - So Long - Some Of Us Are Brave
Birrd - Void Loop/Single
Zaho de Sagazan - Suffisamment
Kóboykex - Midnight Gale/Single
Zaho de Sagazan - Suffisamment/Single
Asna - Atalaku/Single
Şatellites - Seni Sen Olduğun İçin Sevdim /Single
Mowdee x coutié - Boca/Single
Episoden
Les métamorphoses du vide
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)
From Mali to Norway
Nei Touareg Kläng, en togolesesche Museker, dee sech fir de Vaudou interesséiert, eng Fanfare, déi vum Afrobeat beaflosst ass, de Blues aus dem Mali, ...
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)