Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Making Sense

Making Sense

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De fréiere Sänger a Bassist vun Deus Stef Kamil Carlens, dee mir vun der Formatioun Zita Swoon kennen, ass zanter e puer Joer ënner sengem eegenen Numm ënnerwee. "Making Sense Of Infinity" ass säin zweete Solo Album.


Aus dem Mali kommen Tamikrest. Hir Musek ankert an den Tuareg Traditiounen, déi ugeräichert gi mat verschiddenen internationalen Influenzen an och Elementer aus de Kulturen aus hirem noen Ëmfeld.


En anere fréiere Member vun DEUS ass den Tom Barman, bekannte Frontmann. Haut léisst hien en Energie-geluedenen, munchmol punkegen Jazz mat TaxiWars erkléngen, zesumme mam Robin Verheyen um Saxofon.


The Great Dictator ass en US-amerikanesche Film vum Charlie Chaplin an eng Satir op den Adolf Hitler an de Faschismus. Berüümt ass och dem Charlie Chaplin seng Ried um Schluss vum Film: en däitlechen Appell un d'Zaldoten an un d'ganz Welt fir Demokratie, Fridden a Mënschlechkeet. Dëse Speech gouf och benotzt vum schottesche Sänger a Museker Paolo Nutini op sengem drëtten Album "Cautsic Love", deen 2014 erauskoum.


Turkish Delight gouf 1978 gegrënnt vum Komponist a Multiinstrumentalist Orhan Seyfi Çelik. Viru Kuerzem erauskomm ass den neien Album "Prophecy".


Et gi Lidder, déi duerch d'Zäite ginn, eent vun deenen ass "Sunrise in Capadocia" vum Murat Coskun um Album "Frame & Drums" mat de Gaaschtinvitéen Giora Feidman op de Klarinetten an dem Michel Godard um Serpent an Tuba.


Den hollännesche Pianist a Komponist Michiel Borstlap huet eng nei Ep ronderëm d'Elementer verëffentlecht, mir héieren hei seng Variatioun zum Element Waasser.


Den John Trudell war en Native American, hie war am Vietnam Krich a gouf bekannt als politeschen Aktivist, Museker a Schauspiller.


Playlist:



Groove in G - Playing for Change - Putumayo Presents African Blues

Stef Kamil Carlens - Back On the Road - Making Sense Of ∞

Tamikrest - Azawad - Tamotaït

TaxiWars - Different or Not - Artificial Horizon

Oscar Jerome - Do You Really - Do You Really - Single

Paolo Nutini - Iron Sky - Caustic Love

Turkish Delight - Velvele - Prophecy

Murat Coskun & Michel Godard - Frames & Drums

Michiel Borstlap - Water - Elements - EP

John Trudell & Kwest - So so Sweet - Through the Dust

John Trudell - Johnny Damas and Me - Johnny Damas and Me

Tindersticks - This Fire Of Autumn - The Something Rain

Ji Dru & Sandra Nkaké - Nineteen - Tribe from the Ashes

Hey Djan - Djeyrani Bes - Hey Djan/Single


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow