Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Séiss Friichten

Séiss Friichten

headphones

59 min

Lauschteren play_arrow

Den Touareg Grupp Imarhan kënnegt säin drëtten Album "Aboogi" un, hei entdecke mir nach e weidere vun den dräi Titelen, déi elo scho gedeelt sinn.


De Weltenbummler David Walters erfuerscht mat senger Musek d'Wuerzele vu senger Identitéit: afrikanesch a karibesch Kläng vermësche sech mat R'N'B an nach vill aneren Influenzen, déi seng renomméiert Gaaschtinvitéë matbréngen. Säi leschten Album "Nocturne" ass d'Resultat vum éischte Lockdown. Hien hätt am Fong sollen op Tournée goe mat senger deemoleger Aktualitéit "Soleil Kreyol". Corona huet och him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, 60 Concerten huet hie missen ofsoen. Esou huet de Lockdown awer och séiss Friichten, well schlussendlech huet sech e Supergrupp zesummefonnt, deen ouni d'Ëmstänn vläicht net entstane wier.


Fémina ass en argentinesche Folk-Fusioun Trio, deem säin drëtten Album "Perlas y Conchas" vum Quantic (aka Will Holand) produzéiert gouf, eng nawell interessant Folk, déi trafiquéiert ass.


D'Calypso Rose ass eng Calypso Musekerin vun Trinidad. Si war déi éischt Fra an dësem vu Männer gepräägte Genre.


"Animal" ass den zweeten Album vum britteschen Duo Lump, aus deem mir hei e weideren Extrait entdecken. Eng interessant Stëmm ass déi vun der Madison McFerrin, Duechter vum bekannten Jazz-Vokalist Bobby McFerrin. Den Apel fält net weit vum Stamm.


Eng aner Stëmm déi beréiert ass déi vum Luca Wilding. Säin Album "Book Of Fate" proposéiert eng Kollektioun vu ganz perséinleche Lidder, déi zentréiert si ronderëm dat Positiivt, wat een aus negative Situatiounen erauszéie kann.


Als eng Musek, déi esou kléngt, wéi wann den John Lee Hooker oder d'White Stripes mat enger Gospel Sängerin géifen jammen, esou gëtt de Sound vun der New Yorkerin Michelle David beschriwwen, en erfrëschenden Touch aus engem Genre, deen d'Zäiten duerchreest.


Playlist:



Imarhan - Adar Newlan - Aboogi

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Mama (Unplugged Version) - Nocturne

loran Velia - Jean-philippe - Seksion Maloya

Fémina - Palpita y Goza - Perlas & Conchas

Calypso Rose - Calypso Queen - Far from Home

Sarah McCoy - Devil's Prospects - Blood Siren

LUMP, Laura Marling & Mike Lindsay - Red Snakes - Animal

Madison McFerrin - No Time To Loose - Brownswood Bubblers Twelve, Pt. 1 (Gilles Peterson Presents)

Luca Wilding - Nobody Game - Book of Fate - EP

Luca Wilding - Book of Fate - Book of Fate - EP

Michelle David & the Gospel Sessions - Where I'm Going - The Gospel Sessions, Vol. 1

Adam Ben Ezra - Can't Stop Running - Can't Stop Running - Single

Raphael Saadiq - Good Man - Stone Rollin'

Samidha Joglekar, Nicki Wells & Ashwin Srinivasan - Longing - Best of Coke Studio


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow