Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Flowers

headphones

66 min

Lauschteren play_arrow

Den Album "Two Roses" vum Avishai Cohen zesumme mam Symphoneschen Orchester vu Gothenburg ass d'Resultat vun engem laange Prozess, dee schonn 2013 ugefaangen hat, en Dram, deen an Erfëllung goung.


Fir de Martin Tingvall Trio ass d'Musek eng Weltsprooch, dat gëllt och fir den Danz. "Dance" heescht dee siwente Studio Album vum zu Hamburg baséierten Trio, dee mat sengem verspillten Jazz och den net Adepte vum Genre gefalen dierft.


Äthiopien ass och haut erëm e Polverfaass. De bekannte Pianist Hailu Mergia, deen elo zu Washington DC lieft, huet d'Land scho méi laang verlooss. "Yene Mircha" ass säin zweete Solo Album, deen 2020 erauskoum.


"If Words Were Flowers", esou ass den neien Album vum amerikanesche Soul Museker Curtis Harding iwwerschriwwen. Hei héiere mer eng éischt Blumm aus dësem schéine Bouquet.


Déi brasilianesch Sängerin Céu zelebréiert mam neien Album "Um Gosto de Sol" hir musikalesch Virbiller mat Coverversiounen.


"Far from any Road" ass e Folk-Song am Stil vun de sougenannte Mäerder-Balladen, komponéiert vun der Koppel Brett a Rennie Sparks, Membere vum Americana Duo The Handsome Family. "Far from any Road" ass um Album "Singing Bo".


Eng aner Filmmusek ass déi vu Kraked Unit zesumme mam Piers Faccini op der BO vum Cédric Klapisch sengem "Ce qui nous lie".


Den Englänner Pat Fish, Kapp vun der brittescher Formatioun The Jazz Butcher, och nach bekannt als The Jazz Butcher Conspiracy, huet eis viru Kuerzem verlooss, ufanks Oktober 2021. "They say that fear's a man's best friend and every day it seems that I have more", ass eng vun den Zeile vum Pat Fish, deen de schwaarzen Humor kultivéiert huet. "The Highest In The Land" ass säi neien a leschten Album, deen Ufank dëst Joer erauskoum.


Den Etuk Ubong ass en nigerianeschen Trompettist, Komponist a Bandleader mat engem fantastesche Sound, eng frësch nei Stëmm an der internationaler Jazzzeen.


Erfrëschend ass och de Klang vu Badge Époque Ensemble, eng kanadesch Formatioun, déi vum Max Turnbull geleet gëtt. Hiren no sech selwer benannten Debut koum direkt gutt un a gouf nominéiert fir den 2020 Polaris Music Prize.


Playlist:



Avishai Cohen - When I'm Falling - Two Roses

Tingvall Trio - Ya Man - Dance

Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - Yene Mircha

Curtis Harding - I Won't Let You Down - If Words Were Flowers

Greentea Peng - Hu Man - Hu Man - Single

Céu - Ao romper da Aurora - Um Gosto de Sol

The Handsome Family - Far From Any Road (Main Title Theme from "True Detective") - Far From Any Road (Main Title Theme from "True Detective") - Single

Cannibale - Taste Me - Life Is Dead

Kraked Unit - Lucky Charm (Album Mix) [feat. Piers Faccini] - Ce qui nous lie (Bande originale du film)

The Jazz Butcher - Time - The Highest in the Land

Etuk Ubong - Spiritual Change - Africa Today

Badge Époque Ensemble - Just Space for Light (feat. Jennifer Castle) - Self Help

Khalid Khudayri - Dad Max (feat. Tom Hornig & Munir Khauli) - Invisible Reality




Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow