arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ The Power of Words

The Power of Words

Lauschteren play_arrow
headphones

65 min

Alison Krauss & Robert Plant sinn eng bekannte Country-Bluegrass Sängerin, hien d'Stëmm vu Led Zeppelin. Enn 2021 hu si hir zweet Kollaboratioun verëffentlecht: "Raise the Roof".


De brittesche Singer-Songwriter PM Warson huet e Faibel fir de Rhythm'n'Blues aus de 50er Joren, den Delta Blues, d'Americana, de fréien Jazz an de Rock'n'Roll.


Och en Debut vun der amerikanescher Funk Band The Grease Traps, den Album "Solid Ground" koum de leschten November eraus. Nei eraus ass och den Album "They're Calling Me Home" vun der Rhiannon Giddens zesumme mam italieenesche Multi-Instrumentalist Francesco Turrisi. "Calling Me Home" presentéiert 12 Lidder, déi vun der Verlaangen no Gebuergenheet vun engem Doheem erzielen.


"Animal" ass den zweeten Album vum britteschen Duo Lump. Lump ass de gemeinsame Projet vun der Musekerin Laura Marling an dem Produzent Mike Lindsay. Hedonismus an Extas sinn déi wichteg Elementer vun dësem Album.


Decouverte vun der Woch ass den Album "The Architecture of Oppression Part 1" vun The Brkn Record. Dat ass den neie Projet vum Jake Ferguson, ee vun de Grënner-Memberen a Bassist vum britteschen Deep-Jazz-Kollektiv The Heliocentrics. The Brkn Record ass engagéiert mat staarke Wierder.


Eng akustesch an elektronesch Musek, traditionell a gläichzäiteg aktuell héiere mer bei Times Box, si vermëschen d'Klassik mam Jazz, Hip-Hop, der World an anere Genren.


Mat "Nino Ferrer & Radiah et Le Sud" gi mer zeréck an d'Joer 1974 a bei deen eenzeg engleschsproochegen Album vum franséische Chansonnier Nino Ferrer. Musikalesch geniert vum angelsächsegen Ausdrock aus där Zäit, carrement e Säitesprong vum Nino Ferrer.


Playlist:



Alison Krauss & Robert Plant - Trouble with My Lover - Raise The Roof

PM Warson - Losing and Winning - True Story

The Grease Traps - More and More (And More) - Solid Ground

Rhiannon Giddens - Avalon (with Francesco Turrisi) - They're Calling Me Home

Gisèle Pape - Siffler sur la colline - Siffler sur la colline - Single

LUMP, Laura Marling & Mike Lindsay - Animal - Animal

The Brkn Record - Assimilation - The Architecture of Oppression, Pt. 1

The Brkn Record - On the Daily (feat. Ugochi Nwaogwugwu) - The Architecture of Oppression, Pt. 1

The Brkn Record - Break the Chains - The Architecture of Oppression, Pt. 1

Times box - Swingba - Times box

Nino Ferrer - Hot Toddy - Nino and Radiah Et Le Sud

True Loves - Sunday Afternoon - Sunday Afternoon

A Certain Ratio - Get a Grip - ACR Loco


Episoden

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow