Retromania
Virun 30 Joer gouf de Galileo Galilei rehabilitéiert
6 min
D'Kathoulesch Kierch huet scho méi dacks e puer Joerhonnerte gebraucht fir, éischtens e Feeler zouzeginn, an zweetens hiren Iertum nees riichtzebéien. A genee dat war och de Fall beim italieenesche Philosoph, Mathematiker, Physiker an Astronom Galileo Galilei. Et sinn elo grad emol 30 Joer hier, datt de Poopst Jean Paul deen Zweeten dee groussen Naturwëssenschaftler offiziell rehabilitéiert huet. De Galileo Galilei huet viru 400 Joer d'Weltbild vun der Kathoulescher Kierch un d'Wackele bruecht an d'hënnescht iewescht geheit. De Jean Claude Majerus erënnert.