Retromania
René Pütz: Den Theater war säi Liewen
9 min
Et ass engem deemools, viru 20 Joer, de 31. Oktober 2002 schonn ënner d'Haut gaangen, wéi d'Noriicht koum, datt dee beléifte Lëtzebuerger Acteur René Pütz am Alter vun nëmmen 62 Joer gestuerwen ass. Mam Pütze Ren huet d'Lëtzebuerger Theaterzeen deemools ee vu senge populäerste Vertrieder verluer, ee Schauspiller a Mënsch, deen an allen Ecke vum Land bekannt war.
E Méindeg sinn et also op den Dag 20 Joer hier, datt de Pütze Ren, wéi hie genannt gouf, gestuerwen ass. Sécher eng Occasioun fir un de René Pütz ze denken, an dat mécht de Jean Claude Majerus.